close
Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:De Stamminee

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Wikipedia:De Stamminet)

De Stamminee ass eng Plaz fir sech z'entspanen, Froe kënnen ze stellen a sech iwwer de Projet ze renseignéieren.

Reegelen
BERJAYA
  • Éischt Reegel: Vergewëssert Iech, datt Äre Message och déi ganz Communautéit interesséiert. Wann dëst net de Fall ass, da benotzt wgl. dem Artikel seng respektiv Diskussiounssäit.
  • Zweet Reegel: All Feelermeldung gehéiert heihin, mat Datum.
  • Drëtt Reegel: Hiweiser op Annoncen an der geschriwwener Press gehéieren heihin.
  • Wann de Server eemol lues sollt sinn, gitt fir d'alleréischt heihi luussen.

Fir datt de Stamminee propper bleift, muss jidderee mathëllefen. Dofir biede mir Iech:

  • Setzt d'Saachen an d'Archiv soubal d'Diskussioun ofgeschloss ass.
  • Réckelt Diskussiounen, déi net heihi gehéieren, op déi jeeweils richteg Plaz.
Kuckt och
  • Wikipedia:Technesche Krom fir Sujeten, déi vu méi technescher Natur sinn, wéi se et gemengerhand hei um Stamminee sinn.
  • Wikipedia:Global Annoncen fir global Annoncen a Messagen, déi automatesch op deene verschiddene Wikien – dorënner och d'Wikipedia op Lëtzebuergesch – verbreet ginn.
Archiven

Hei kënnt Dir d'Archive vum Stamminee duerchsichen. Villäicht fannt Dir och an den Archiven eng Äntwert op Är Froen.

BERJAYA Archiv pro Joer:

2004200520062007200820092010201120122013201420152016201720182019202020212022202320242025

Wikiiessen 2026

[Quelltext änneren]

D'Wikiiessen 2026 ass e Samschdeg, de 7. Mäerz, ab 11:45 Auer am Restaurant „De Spackelter“ zu Leideleng an direkt am Uschloss ab 15:00 Auer ass d'Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg am Kulturzenter „An der Eech“, och zu Leideleng. Jiddwer Wikipedianer ass häerzlechst agelueden um Wikiiessen, un der Generalversammlung oder u béiden deelzehuelen.

Dës Kéier ass fir d'éischte Kéier d'Erweiderung CampaignEvents am Asaz, iwwer déi ee sech fir dat jeeweilegt Evenement umelle kann (Wikipedia:Wikiiessen 2026 a Wikipedia:Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg 2026). Organisateure si meng Wéinegkeet an de Sultan Edijingo. Wee selwer en Evenement organiséiere well, muss een Administrateur sinn oder zur Benotzergrupp event-organizer gehéieren; an déi leschtgenannte Benotzergrupp kann ee vu jiddwer Admin gesat ginn, ouni eng formal Prozedur duerchlafen ze mussen.

Ee Mount virum Wikiiesse maachen ech nach eng Kéier e Reminder a kontaktéieren déi aktiivste Benotzer op der lbwiki. --Volvox (Diskussioun) 16:26, 4. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Update: D'Generalversammlung gouf op 14:00 Auer virgeréckelt. Kuckt Wikipedia:De Stamminee#Wikiiessen 2026 a Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg. --Volvox (Diskussioun) 12:27, 15. Feb. 2026 (UTC)[äntweren]

Cheemesch Elementer

[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg,

Ech hunn eng Infobox mat de Besisinformatiounen fir d'Cheemesch Elementer ugeluecht an d'Këscht och elo am Artikel Waasserstoff agebaut. Wann een all d'Artikelen iwwer d'cheemesch Elementer kuckt, gesäit een, datt do sengerzäit ee sech vill Aarbecht gemaach hat fir eng Zort Tabell mat den Eegenschaften unzeleeën. Ier ech elo all Artikel upasse ginn, wollt ech wëssen: soll déi Tabell esou bestoe bleiwen oder ka s'ersat ginn mat engem Bild (Positioun am Periodesystem) esou wéi ech et beim Waasserstoff gemaach hunn? Merci fir Äre Feedback. | GilPe (Diskussioun) 14:25, 7. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Moien,
ech denken d'Tabell z'ersetzten wier déi bescht Léisung.
Mee ass et méiglech dat Bild (vun der Positioun am Periodesystem) an d'Infobox z'integréieren? | Mobby 12 (Diskussioun) 18:57, 7. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Okee, ech waarden emol nach wien sech nach vläicht zum Theema mellt.

Esouwäit ech weess, kann ee just 2 Biller an der Këscht abauen (also uewen d'Bild a ënnen d'Scheema); an ech hunn op Wikidata keng Property fonnt, wou d'Bild mat der Positioun am Periodesystem kéint agesat ginn. |

Ech fannen déi Tabell mam Periodesystem an der Positioun vum jeeweilegen Element sollt an der Infobox stoen. E Bild vum Element aus Wikidata an d'Scheema vun den Elektronekusche kann ee jo am Artikel oder eben eent dovunner och an der Box ënnerbréngen. --Volvox (Diskussioun) 19:38, 18. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Merci, jo dat ass eng gutt Méiglechkeet; ech waarden nach op dem @Marko Kafé seng Meenung. | GilPe (Diskussioun) 20:06, 18. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Entschëllegt déi spéit Äntwert, mee mir ware am Congé. Ech fannen et eng gutt Iddi, d'Bild vun der Positioun am Periodesystem anzebauen. Daat ass wischtesch, well mir op der WikiCon 2025 diskutéiert hunn, wéi mir Wikipedia op d'Zukunft virbereede kënnen. Vill Leit waren der Meenung, mir sollten méi Biller an aner Mediendateien abannen, well zukennfteg Generatiounen domat am Internet vertraut sinn.Marko Kafé 13.05, 25. Okt. 2025

Merci Marko Kafé. Ech bauen d'Këscht ëm, soubal ech mat mengem aktuelle Projet fäerdeg sinn. | GilPe (Diskussioun) 13:28, 25. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Moien,

do ech an der nächster Zäit geplangt hat, d'Artikele vun den Zuelen auszebauen an eventuell weider Artikelen unzeleeën, hunn ech mir d'Fro gestallt, op et eventuell trotzdeem net besser wier, d'Zuelen am Lemma net méi auszeschreiwen mee als Zuelen dohin ze schreiwen. Bespill: net Fënnefanzwanzeg, mee 25 (Zuel). A mengen Aeën kéint een d'Zuelen doduerch méi séier fannen... Wat ass är Meenung dozou? | Mobby 12 (Diskussioun) 11:12, 9. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Ech mengen net, datt dat en Ënnerscheed fir d'Fannbarkeet mécht, ob en Artikel elo 25 (Zuel) amplaz Fënnefanzwanzeg heescht, soulaang et eng Viruleedung vu 25 (Zuel) op Fënnefanzwanzeg gëtt (an dat ass bei allen Zuele bis elo de Fall). Mee wann ech 25 an d'Sichfeld aginn, gesinn ech fir d'éischt d'Joer an duerno all Datum, dee mat 25. ufänkt, dohier schéngt een den Zuelenartikel souwisou net duerch d'Antippe vun der Zuel fannen ze kënnen ouni zumindest bis 25 ( anzetippen. --Volvox (Diskussioun) 12:17, 11. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]
Jo, do ginn ech dir Recht, fir den Artikel méi séier ze fannen mécht an deem Kontext wéineg Sënn.
Wann een elo awer beispillsweis eng Zuel wéi zweedausendfënnefanzwanzeg hätt, hätt ech mir geduecht, datt 2025 (Zuel) als Lemma besser wier. D'Wuert zweedausendfënnefanzwanzeg géif een da jo souwisou an den Artikel schreiwen; Beispill: D'Zuel 2025, ausgeschriwwen, zweedausendfënnefanzwanzeg, ass eng natierlech Zuel asw. | Mobby 12 (Diskussioun) 14:08, 11. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]
Wéi wier et dann, wa mer mol einfach bei de Warscheinlechkeete bleiwen an all déi Zuele vergiessen, déi héchstwarscheinlech ni en Artikel misste kréien.
Dann nach eppes zum Lëtzebuergeschen: do ech an der nächster Zäit ass falsch. Et soll heeschen well ech an der nächster Zäit.
Dat däitscht Wuert da kann als Konjunktioun oder als Adverb gebraucht ginn. Wann et als Abverb gebraucht gëtt dann heescht et op Lëtzebuergesch do. Wann et als Konjunktioun gebraucht gëtt dann heescht et well (Duden de:weil als Synonym vun da).
Doriwwer ass de Saz och falsch, well an der nächster Zäit ass an der Zukunft, a geplangt hat ass an der Vergaangenheet, an dat passt net zesummen (weder am Lëtzebuergeschen nach an enger anerer Sprooch). Les Meloures (Diskussioun) 15:36, 11. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]
Ech mengen och, mer sollte beim Ausgeschriwwene bleiwen an eng Weiderleedung vun z.  B. 2025 (Zuel) dohinner maachen. | GilPe (Diskussioun) 16:02, 11. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]
Okee, merci fir är Äntweren a Meenungen.
@Les Meloures Merci. (Wëll och net bis d'Zuel 2025, mee maximal bis 99 maachen. Méi brauch een och wierklech net.) | Mobby 12 (Diskussioun) 19:26, 11. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Virtrag op der AdminCon 2026 iwwer d'lbwiki?

[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg Administrateuren an alleguer, et steet d'Iddi am Raum op der AdminCon 2026 (30.01.-01.02. zu Bremen) e klenge Virtrag iwwer d'Administratorentätegkeet op der lëtzebuergescher Wikipedia ze halen. De Gedanken dohannert ass et, datt d'Lëtzebuerger an déi Däitschsproocheg sech austausche kënnen iwwert déi ënnerschiddlech Praktiken an Erausfuerderunge vun den Administrateuren op der lbwiki an der dewiki, déi (warscheinlech) gréisstendeels duerch de risege Gréisstenënnerscheed bedéngt ass. Ech denken, datt dobäi haaptsächlech mir vun der dewiki hirer Erfarung profitéiere kënnen; mee dofir muss een hinnen ee Bild vun eiser Situatioun ginn. Dofir wollt ech hei Punkte sammelen, déi een an esou engem Virtrag behandele kéint. Schreift gär Är Iddien hei ënnendrënner. --Volvox (Diskussioun) 20:29, 30. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

  • Entwécklung vun der Administratorenzuel iwwer d'Zäit, falls déi Informatioune rekonstruéiert kënne ginn, an dat virum Hannergrond vun der Gesamtbenotzerzuel.
Am Archiv vun der Communautéitsäit/Aktuelles misst dat ernimmt gi sinn. --Z.
  • Walmechanismus a Krittäre fir Administratore beschreiwen.
  • D'lbwiki huet kaum formaliséiert Richtlinnen, déi Reegelen opstellen, wéi en Admin seng erweidert Rechter benotzen däerf oder soll. Et huet sech eng informell Praxis entwéckelt, wou éischter d'Gewunnechtsrecht gëllt, wéi geschriwwe Reegelen.
Kuckt mäi Commetaire ënnendrënner --Z.
  • Läschen: Mir hu Reegelen fir d'Läsche vu Säiten no Ofstëmmung (och wann d'Delaie vum Ofstëmmen net ëmmer agehale ginn), mee wat d'Direkt-läschen (resp. Schnellläschen) ugeet, hu mer zwar eppes ales opgeschriwwen, mee dat huet guer näischt mat der vill méi wäit goender Praxis vum direkt läschen ze dinn huet. De Mangel u Riichtlinnen ass eppes, wat mer opschaffe mussen, mee et feelt eis och u Prozedure fir Riichtlinne verbindlech z'erstellen.
  • Wat géif bei eis am Fall vun Admin-Abus geschéien? Weess do een, ob resp. wat et an der Vergaangenheet fir Fäll gouf a wéi domat ëmgaange gouf?
Ee Fall vun 2008; hie krut vun engem Stewart d'Rechter entzunn. Kuck: Wikipedia:De_Stamminee/Archiv2008/Juni#Amoklaf_hënnt
  • Mir si manner mat Vandalismus konfrontéiert (well mer e manner attraktiivt Zil sinn?). Hei kéint ee Benotzer-/IP-Späre pro Zäiteenheet absolut a relativ op der lbwiki mat der dewiki vergläichen, oder de Grad vum Réckgängeg maachen; wéi vill geläscht gëtt, seet net vill aus, well dat meeschtens net vu Vandalismus kënnt; eventuell Säiten, déi geschützt sinn; eng Versioun geläscht gouf laut dem Robby just eemol an der Geschicht vun der lbwiki.
Eng Problematik, déi mer och idealerweis prophylaktesch mat Reegelen encadréiere sollten, ass déi, wa Leit insistéieren, dass Artikelen iwwer si solle geännert/gekierzt/ganz geläscht ginn, mat der Grondsätzlecher Fro vun der Definitioun vun allgemengem Intressi vs. Perséinlechkeetsrechter (do hat sech d'Dateschutzkommissioun schonn eng Kéier ageschallt - kuckt d'Causa "v. T.") --Z.
  • Mir si sou kleng, datt et theoreetesch méiglech ass, datt een d'Rezent Ännerunge komplett duerchgeet, wat op grousse Wikie warscheinlech net machbar ass, wou deemno méi onkonstruktiv Kontributiounen iwwersi gi kéinten? Et kéint een uginn, wéi vill nei Ännerunge mer am Schnëtt pro Zäiteenheet hunn.
  • Et kéint een och eppes iwwer den Zougrëff op de MediaWiki-Nummraum a Konfiguratiouns-Spezialsäite soen a wat fir een Notze vun deene Méiglechkeet mir maachen.
--Volvox (Diskussioun) 20:35, 30. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]
  • Grondsätzlech sollt een déi Presentatioun an de méi allgemenge Kader 'framen', wat eng 'kleng' vun enger 'grousser' Wiki ënnerscheet, d.h., wat fir Froen a Méiglechkeeten sech duerch déi/wéinst der respektiv(er) Gréisst stellen - oder och net. Aner Wikie vun änleche Gréisst si warscheinl. mat deene selwechte Froe konfrontéiert. Dat relativéiert dann och déi Probleematike vun eiser.
  • An dann och e puer Wuert iwwer d'Partikularitéit vun der Méisproochegkeet, d.h, 99,9 % déi Lëtzebuergesch liesen a schreiwe kënnen. kënnen och op d'mannst eng aner Sprooch, an dâr se schreiwe kéinten, a wat dat op Artikelauswiel, Prioritéiten asw. bedeit.
  • ... a wa mer scho bei de méi allgemengen Theme sinn: Wat maache mat Maschinneniwwersetzungen, déi ëmmer méi heefeg optauchen, an déi de Leit, déi sech ëm Qualitéitssécherung këmmeren, d'Liewen net onbedingt méi einfach maachen?
--Zinneke (Diskussioun) 13:24, 6. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]

Kommentaren

[Quelltext änneren]

Merci fir déi Kompilatioun!

E puer Commentairë vu mir: Nieft faktuelle Beschreiwunnge wërfs d'eng Rëtsch Froen op, déi sech doraus erginn. Ech giff dofir proposéieren, méi däitlech ze differenzéieren tëscht Punkten, déi an engem Exposé virun internationalem Publikum ernimmt an/oder beschriwwe ginn, an, bei verschiddenen dovun, den operative Konklusioune déi sech doraus fir eis hei giffen erginn; an déi tëschent eis diskutéiert, ma net onbedingt an der Ëffentlechkeet breetgetrëppelt sollt ginn. Ech mengen domat z.B. déi Saachenn, wou et éischter Gewunnechte wéi niddegeschriwwe Reegele sinn, déi d'Saach um Rullen halen: Hei wier et gutt, an eegenen Diskussiounen ze kucken, wéi dat leeft, wat d'Vir- an Nodeeler sinn, an ob een dat misst duerch eng méi streng Formaliséierung ersetzen, oder och net, a wa jo, wéi déi soll ausgesinn. Dast ass e Batz Aarbecht déi mer Stéck fir Stéck sollen ugoen, ma wéi gesot net engem externe Public souzesoen zur Diskussioun ginn, ier mer eis selwer dermat ausernee gesat hunn.


Zinneke (Diskussioun) 11:40, 6. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]

Virtrag ugeholl

[Quelltext änneren]

Ech wollt Bescheed soen, datt de Virtrag offiziell op de Programm gesat gouf an den 31. Januar vun 9:15 bis 9:30 Auer wäert sinn: de:Wikipedia:AdminConvention 2026/Themen --Volvox (Diskussioun) 17:00, 5. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

An hei nogedroen d'Slides vum Volvox sengem Virtrag. --Zinneke (Diskussioun) 21:13, 9. Feb. 2026 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Deele vum Link! Fir de Kontext hei nach de Programm vun der AdminCon 2026, vun deem aus een och op all déi aner Säite kënnt. Natierlech hunn ech op der Plaz och e bësse méi erzielt, wéi op de Slidë steet. Mee réckbléckend am Beschte fir mech un der AdminCon war, datt ech do liicht mat Leit an d'Gespréich komm sinn, wat natierlech doduerch bedéngt war, datt ech relativ um Ufank de Kuerzvirtrag gehalen hunn an d'Leit deemno eppes mat mir unzefänke wossten, awer och well d'AdminCon weesentlech méi kleng am Kader ass wéi eng WikiCon oder eng Wikimania. Ech kann den Interesséierten d'AdminCon 2027 also just un d'Häerz leeën! Wee sech allerdéngs méi fir aner Theemen interesséiert wéi just fir adminspezifescht Geschier, deen ass natierlech besser bedéngt mat enger WikiCon oder enger Wikimania (déi nächst ass Enn Juli zu Paräis! Méi no kënnt se warscheinlech net méi). Ech gouf och mat enger Rei vun Iddie geimpft, déi ech, sou wéi et sech ergi wäert, hei an/oder um Wikiiessen/Generalversammlung zur Sprooch brénge wäert. --Volvox (Diskussioun) 21:44, 9. Feb. 2026 (UTC)[äntweren]

Migration zu Parsoid

[Quelltext änneren]

Lies dies in einer anderen Sprache

Hallo zusammen! Ich freue mich, euch mitteilen zu können, dass als nächster Schritt des Projekts Parser-Vereinheitlichung Parsoid bald als Standard-Renderer für Artikel in deinem $wiki aktiviert wird. Wir erhöhen schrittweise die Anzahl der Wikis, die Parsoid verwenden, mit der Absicht, es zum Standard-Wikitext-Parser für die nächste langfristig unterstützte Version von MediaWiki zu machen. Dadurch werden unsere Wikis für Autoren, Leser und Tools zuverlässiger und konsistenter und die Entwicklung zukünftiger Wikitext-Funktionen wird einfacher.

Wenn dies deinen Arbeitsablauf stört, mache dir keine Sorgen! Du kannst dies immer noch über eine Benutzereinstellung deaktivieren oder Parsoid auf der aktuellen Seite über das Werkzeuge-Untermenü deaktivieren, wie in der Dokumentation zur Erweiterung:ParserMigration beschrieben.

Es stehen weitere Informationen zu unserer Einführungsstrategie zur Verfügung, einschließlich der Tests, die durchgeführt werden, bevor wir Parsoid für ein neues Wiki aktivieren.

Um Fehler und Probleme zu melden, sieh dir bitte unsere Dokumentation zu bekannten Problemen an und wenn du einen neuen Fehler findest, erstelle bitte ein Phab-Ticket und markiere das Team Content Transform im Phabricator.

Content Transform Team 21:43, 28. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]

(Diese Nachricht wurde an Wikipedia:De Staminee gesendet und wird aufgrund einer Weiterleitung hier veröffentlicht.)

Komma bei Referenzen ewechloossen

[Quelltext änneren]

Ech proposéieren, datt mer den héichgestallte Komma bei méi Referenzen hannerteneen ewechloossen. Konkreet schwätzen ech vum {{,}}, deen a Fäll wéi deem heite gesat gëtt:

Wikipedia ass eng Enzyklopedie<ref>Quell 1</ref>{{,}}<ref>Quell 2</ref>.
→ Wikipedia ass eng Enzyklopedie[1],[2].

Amplaz wéilt ech einfach dat heiten:

Wikipedia ass eng Enzyklopedie<ref>Quell 1</ref><ref>Quell 2</ref>.
→ Wikipedia ass eng Enzyklopedie[1][2].

Grënn fir d'Ewechloossen:

  • De Komma féiert zu Feeler bei allméiglechen Geschier, dat den Artikelufank scannt fir eng Zesummefaassung unzeweisen. Dobäi ginn nämlech Referenzen (an alles tëscht Klammeren etc.) ewechgelooss, mee den , bleift dann isoléiert am Saz stoen. Dat betrëfft zum Beispill d'Linkvirschau, déi een ugewise kritt, wann ee mat der Maus iwwer ee Link fiert, oder an der Wikipedia-App, wärend een eng Artikelbeschreiwung derbäisetzt. Wee sech en Androck dovunner maache wëll, kann dat liicht ausprobéieren.
  • Ech denken datt keen, deen et net scho weess, déi speziell Kommaschabloun vu sech aus setzt. Et muss een et also schonn enzwousch gesinn an ofgekuckt oder gesot kritt hunn, fir dat systematesch ze maachen. Dat féiert vum selwen zu enger oneenheetlecher Praxis, déi da vun deene korrigéiert muss ginn, déi „wëssen“, datt do ee Komma higehéiert.
  • Et ass beim Schreiwen en zousätzlechen Opwand, deen a mengen Aen net wierklech eppes bréngt.

Den éischtgenannte Grond ass a mengen Aen dee wichtegsten an d'Ursaach, firwat ech proposéieren déi duerch d'Praxis begrënnt Reegel, datt e Komma kënnt, duerch déi ënner Hëllef:Referenzen néierzeschreiwend Reegel z'ersetzen, datt kee kënnt.

Grënn fir d'Bäibehalen:

  • Villäicht fanne verschidde Leit et mat Komma méi schéin? Fir Grënn fir d'Behale freet ee besser déi Leit, déi d'Praxis agefouert hunn.

Dir gesitt, ech sinn net ganz neutral, mee ech weess wierklech net, firwat mir dee Komma setzen –ech hunn op allefall näischt fonnt ausser Schabloun:,/doc –; do kann ech also net vill schreiwen.

Wéi maachen déi aner Wikien et?

  • Op der dewiki an der enwiki gëtt kee Komma gesat. Op der frwiki gëtt ee gesat, mee do gëllt fr:Wikipédia:Résumé introductif#Références, d. h. et soll een am Résumé introductif evitéiere fir Referenzen ze setzen (mat der Begrënnung, datt an der Aleedung näischt stoe soll, wat net spéider am Artikel developpéiert an do mat Referenze beluecht gëtt). Domat gëtt mäin Haaptgrond géint de Komma – nämlech datt et an der Aleedung zu Feeler am Affichage féiert – evitéiert. Op der lbwiki ass déi Riichtlinn awer net praktikabel, well mir grad am éischte Saz oft souguer déi meeschte Referenzen hunn (Gebuerts- an Doudesdonnéeën …), och well d'Artikele meeschtens net grouss genuch sinn, fir alles nach eng Kéier an engem aparten Abschnitt breet ze trëppelen.

Dat meng Argumentatioun. Sot mer Är Meenung. --Volvox (Diskussioun) 21:11, 6. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Ech hu Hëllef:Referenzen mol an d'Géigewaart bruecht. Zur Kommaugeleeënheet hunn ech awer nach näischt Siichtbares geschriwwen (just am Beispill hunn ech en net gesat). --Volvox (Diskussioun) 22:00, 6. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Fir et kuerz ze maachen: 'T ass mir ees wéi ees; eng minimal Preferenz fir dee Komma aus esteetesche Grënn (da kludderen déi eckeg Klameren net sou uneneen), ma wann et aner Grënn dergéint ginn - keen Drama. --Zinneke (Diskussioun) 08:41, 7. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Perséinlech gesinn ech kee praktesche Wäert bei deem Komma. --Les Meloures (Diskussioun) 10:34, 7. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Ech hunn de Komma meeschtens net gesat, ganz einfach well et et vergiess hunn… an et gefält mer iwweregens och besser (ganz perséinlech Meenung) wa kee Komma tëscht de Klamere steet ;-) Vu mir aus kann en deemno fort! | GilPe (Diskussioun) 13:46, 7. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Loosse mer dee Komma eweg, deen a mengen An kee weideren Notzen huet.--Sultan Edijingo (Diskussioun) 14:26, 7. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Gesinn et genee esou, de Komma ka fort. | Mobby 12 (Diskussioun) 15:11, 7. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Majo tipptopp a Merci fir de Feerback! Dann ass d'Lag jo relativ kloer. Op Hëllef:Referenzen#Méi Referenzen op enger Plaz steet lo explizitt, datt ee kee Komma oder soss Trennzeeche setze soll. Da schécken ech mäi Bot lo op grouss Missioun.
Fir d'Frënn vun den Zuelen: Stand elo gouf d'Variant mat Komma op 1.781 Säiten (Sich mat insource:/\>\{\{,\}\}\<ref/) an d'Variant ouni Komma op 1.458 Säiten (Sich mat insource:/\>\<ref/) benotzt. Dobäi feelen natierlech Varianten, wou z. B. ee Leerzeichen nach enzwousch steet etc.
--Volvox (Diskussioun) 17:57, 7. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Koordinaten

[Quelltext änneren]

Moien alleguer,

Wéi et schéngt fonctionéiert de Geohack net méi wann een a senge Sproochastellunge Lëtzebuergesch huet. Wees do ee méi firwat dat ass, a wéi dat ka behuewe ginn? --Les Meloures (Diskussioun) 18:29, 15. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Moien. Ech hunn och festgestallt, datt et net méi funktionéiert wann ech ageloggt sinn (ech hunn och lb als Sprooch agestallt). D'Feelermelduzng déi kënnt ass: „Dës Säit huet aktuell keen Text. Dir kënnt op anere Säiten no dësem Säitentitel sichen, an den entspriechende Logbicher nokucken oder dës Säit uleeën.“ Ouni sech anzeloggen oder mat den Astellungen an enger anerer Sprooch klappt et. | GilPe (Diskussioun) 07:47, 16. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
@GilPe Wat gesäis du dann, wann s de ausgeloggt bass oder eng aner Sprooch am Interface hues? Bei mir klappt et nämlech och dann net. --Volvox (Diskussioun) 16:22, 16. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Esoubal ech eng Sprooch astellen déi net-Lëtzebuergesch ass (oder net ageloggt sinn, dann ass d'Sprooch d'office en), klappt et normal, d. h. ech kréien d'GeoHack-Säit. | GilPe (Diskussioun) 16:54, 16. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Normalerweis gëtt d'Ausgesi vu GeoHack fir eng Sprooch duerch Schablounen op der jeeweileger Wikipedia festgeluecht. Därer hu mer keng a laut mw:GeoHack misst deemno den englesche Layout gräifen. Dat ass awer net méi geschitt a wärend ech dat heiten tippen, gesinn ech, datt GeoHack elo guer net méi erreechbar ze si schéngt (404 Not Found), och net op de oder en. Et schéngt also e Problem mam Tool selwer ze sinn. --Volvox (Diskussioun) 22:00, 16. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Ech gesinn zwee Weeër:
  1. Mir leeën eng Schabloun mam Numm {{GeoTemplate}} un, déi den Inhalt vun deem, wat op GeoHack (hei mat Beispillkoordinaten) gewise gëtt, definéiert. Dobäi kënne mer eis un en:Template:GeoTemplate oder de:Vorlage:GeoTemplate inspiréieren. Dat ass de proppere Wee a sou, wéi et geduecht ass.
  2. Mir leeden d'GeoHack-Linken, déi iwwer {{wikidata}} generéiert ginn (dat dierften déi meeschten an eisen Infoboxschabloune sinn), explizitt op déi englesch (oder däitsch oder ...) Versioun ëm. --Volvox (Diskussioun) 19:35, 18. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Souwäit wéi ech gesinn schéngt et elo rëm ze fonctionéieren. D'Iddi datt et e generelle Problem mam Tool war schéngt deemno richtegt gewwiescht ze sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:17, 19. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Ps: Iertum mengersäits, de Problem besteet weider bei de Wäerter déi vu Wikidata kommen. Do wou se manuell agesat goufen, besteet de Problem net.--Les Meloures (Diskussioun) 11:22, 19. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Zürech oder Zürich?

[Quelltext änneren]

Moien,

Ech beschäftege mech momentan mat Schwäizer Artikelen. D'Fro déi ech mer stellen: schreiwe mer Zürech oder Zürich? (momentan ass de gros op der lb.wiki Zürich). Well mer jo awer gemenkerhand och Oochen an net Aachen schreiwen, wär ech och fir d'Variant Zürech. Wat mengt d'Communautéit? | GilPe (Diskussioun) 21:52, 15. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Naiv gefrot: Ass „Zürech“ wierklech verbreet oder etabléiert am Lëtzebuergeschen? Ofgesi vun de „Lëtzebuerger Studente vun Zürech“ fannen ech net direkt Beispiller. Virun dengem Message hei hät ech mech net mol gefrot, ob et eng Alternativ zu „Zürich“ gëtt, mee dat seet villäicht méi iwwer mech aus wéi iwwer d'Sprooch. --Volvox (Diskussioun) 07:53, 16. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Idem Volvox. Ech hu beim googelen nach just d'Schreifweis Zürech bei Medie fonnt, déi bekannt sinn, fir net dat bescht Lëtzebuergesch vu sech ze ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:13, 16. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Fir mech ass "Zürech" de lëtzebuergeschen Numm, deen ech selwer och géif benotzen, an "Zürich" eben den Originalnumm. --MMFE (Diskussioun) 08:22, 16. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
PS. Ech géif mol soen datt wa mer keen honnertprozentege Beleeg hunn, datt dat eent méi heefeg gebraucht gëtt wéi dat anert, da solle mer den Originalnumm als Lemma huelen, mat deem si mer mol op jiddwerfall ëmmer richteg. --Les Meloures (Diskussioun) 12:14, 16. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Ech hunn elo nach e bësse gesicht a fannen Zürech nieft dem Studenteclub och nach vereenzelt beim 100,7 an RTL. An der Logik vu Garnich → Garnech, Gasperich → Gaasperech oder Hollerich → Hollerech kann et awer net ganz falsch sinn; ech sinn awer domat averstanen, datt mer bei Zürich bleiwen, well et effektiv néierens beluecht ass. | GilPe (Diskussioun) 12:54, 16. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Moien, ech schloen "Zürich" als Lemma fir Stad a Kanton vir, mat "Zürech" tëscht Klameren am Aféierungssaz):
Zürich (geleeëntl. op Lëtzebuergesch Zürech) ass eng Stad/e Kanton ...
"Zürech" schéngt mer éischter eng net richteg gefestegt Niewevraint ze sinn. --Zinneke (Diskussioun) 14:24, 16. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Just fir et och hei festzehalen: De 25. Gebuertsdag (15. Januar 2026) vun der Wikipedia gouf a sëllege Medien uechter d'Welt thematiséiert. Zu Lëtzebuerg hunn der hirer dräi prominent doriwwer bericht, andeems s'och spezifesch op déi Lëtzebuergesch Versioun agaange sinn. 3 Membere vu Wikimedia Lëtzebuerg stounge fir Interviewe bereet (Kuckt: Wikipedia:Presserevue).

-- Zinneke (Diskussioun) 14:31, 16. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Historique vun den Administrateuren

[Quelltext änneren]

Salut, ech hunn als Virbereedung fir de Virtrag op der AdminCon nogesicht, wien zu wat fir enger Zäit Admin op der lëtzebuergescher Wikipedia war, an dat hei zesumme gedroen: Benotzer:Volvox/Historique vun den Administrateuren.

Fir z'evitéieren, datt ech aus iergendwelleche Grënn gewëssen Adminen net fonnt hunn: Kënnen d'Wikipedianer vun der éischter Stonn mer soen, ob hei ee feelt? --Volvox (Diskussioun) 22:03, 18. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Et huet op allefall soss kee wéi d'Briséis an de Cornischong eng Säit geläscht, éint d'Logbuch vun de Benotzerrechter gegraff huet. Also ginn ech dovunner aus, datt et se all sinn.
Den Historique steet lo op Wikipedia:Administrateuren#Historique vun den Adminen.
D'Interface-Adminen a Bürokraten hunn och hiren Historique kritt: Wikipedia:Interface-Administrateuren#Historique vun den Interface-Adminen a Wikipedia:Bürokraten#Historique vun de Bürokraten --Volvox (Diskussioun) 23:34, 23. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

„Easter Eggs“ fir 25 Joer Wikipedia

[Quelltext änneren]

Ech sinn dorop gestouss, datt et fir 25 Joer Wikipedia eng Easter-Egg-Campagne gëtt, déi de 16. Februar bis de 16. Mäerz 2026 lafe soll. Dat ass eng kleng Spillerei, wou op vereenzelten Artikele jee no Theema e passende Beebee-Globus gewise gëtt, deen eppes mécht, wann een en uklickt.

Wa mir dëse sougenannte „Gebuertsdagsmodus“ op der lbwiki wëllen hunn, brauche mer de Konsens vun der Communautéit a kënnen dann ufroen, datt mer de Gebuertsdagsmodus hei zur Verfügung gestallt kréien. Doropshi kënne mir (resp. Adminen) selwer iwwer d'Spezialsäite vun der Community Configuration festleeën, op wat fir Säiten iwwerhaapt ee Beebee-Globus gewise soll ginn a wat fir een dat da soll sinn. Ausserdeem kënne mir selwer d'Astellung maachen a spéider änneren, ob de Gebuertsdagsmodus opt-out ass (also datt all Lieser déi verstreete Beebee-Globusse gesäit, et sief dann en deaktivéiert de Modus) oder opt-in (et gesäit kee Lieser d'Beebee-Globussen, et sief dann e géif de Modus explizitt aktivéieren).

Ech fannen dat eng witzeg Spillerei, déi keng Méi mécht (ech hunn déi néideg Interface-Messagë schonn all iwwersat a „Wëllkomm op der Wikipedia“ op Lëtzebuergesch als Audio-Fichier opgeholl – de Beebee-Globus schwätzt och heiansdo), a géif dat flott fannen, wa mer dat hei ee Mount laang hätten. Mir kënne jo mol mat der Opt-In-Versioun starte fir ze kucken, ob et éischter flott oder nerveg ass, an da jee nodeems d'Palett erweideren oder de Beebee-Globus ganz ofschalten.

Wat sot Dir dozou:
Sidd dir dofir, datt ech ufroen, datt mir d'Erweiderung WP25 Easter Eggs op der lëtzebuergescher Wikipedia installéiert kréien?
--Volvox (Diskussioun) 16:27, 9. Feb. 2026 (UTC)[äntweren]

BERJAYA Pro Ech sinn natierlech dofir, dofir hunn ech jo gefrot. ;-) --Volvox (Diskussioun) 16:30, 9. Feb. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro Weess net richteg wéi et funktionéiert, mä komm, mir probéieren dat emol aus | GilPe (Diskussioun) 17:07, 9. Feb. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro Net grad Ménges, mee firwat net. --Zinneke (Diskussioun) 17:26, 9. Feb. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro wéi den Zinneke hei driwwer. --Cayambe (Diskussioun) 21:43, 9. Feb. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro mol probéieren --MMFE (Diskussioun) 23:07, 9. Feb. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro --Mobby 12 (Diskussioun) 09:52, 10. Feb. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro --Robby (Diskussioun) 11:54, 10. Feb. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Kommentar Well et net méi laang bis de 16. Februar ass, hunn ech elo schonn op meta:Talk:Wikipedia 25/Easter egg experiments#Enable on Luxembourgish Wikipedia op dës Ofstëmmung verlinkt a gefrot fir de Gebuertsdagsmodus opt-in z'aktivéieren. --Volvox (Diskussioun) 22:42, 10. Feb. 2026 (UTC)[äntweren]

Den Gebuertsdagsmodus gouf op den Zäitraum vum 23. Februar bis de 6. Abrëll no hanne geréckelt, fir nach kënnen deen een oder anere Problem ze behiewen. D'Funktioun kann awer schonn ab dem 16. Februar hei getest ginn, allerdéngs net standardméisseg fir all Benotzer aktiv (wat mer jo souwisou fir d'éischt emol net wëllen). Et gëtt och elo eng Lëscht, op wat fir Säite wat fir ee Beebee-Globus optaucht: meta:Wikipedia 25/Easter egg experiments/article configuration.

Ënner Spezial:CommunityConfiguration/WP25EasterEggs kann all Admin de Gebuertsdagsmodus konfiguréieren.

Hei kann een alles noliesen: meta:Wikipedia 25/Easter egg experiments#Go-live date and configuration update – 12 Feb. --Volvox (Diskussioun) 22:46, 15. Feb. 2026 (UTC)[äntweren]

Lo, wou en aktiv ass: De Gebuertsdagsmodus kann all Benotzer, dee wëll, selwer aktivéieren, andeems een en an den Astellunge vum Ausgesinn – dat ass dee „Brëll“ uewe riets nieft dem Benotzernumm, wou een och d'Schrëftgréisst, d'Breet an d'Faarfscheema astelle kann – aktivéiert. Da kënnt riets iwwer d'Geschierkëscht eng thematesch passend Globusanimatioun, wann een op bestëmmten Artikele geréit. --Volvox (Diskussioun) 13:05, 16. Feb. 2026 (UTC)[äntweren]

Wikiiessen 2026 a Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg

[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg alleguer,

wéi all Joer invitéiere mir op eist traditionellt Wikiiessen, wat dëst Joer samschdes, de 7. Mäerz, vun 11:45 Auer un zu Leideleng am Restaurant „De Spackelter“ ass. Hei kënne sech all Wikipedianer treffe fir gemittlech zesummen e Maufel z'iessen a sech iwwer Erfarungen, Problemer oder Projeten op der Wikipedia auszetauschen. Et ass och eng gutt Geleeënheet fir aner Wikipedianer perséinlech kennenzeléieren.

Nom Iessen ass ab 14:00 Auer d'Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg zu Leideleng am Kulturzenter „An der Eech“, op déi och jiddereen – ob Member vu Wikimedia Lëtzebuerg oder net – häerzlechst invitéiert ass.

Umeldung: Fir d'Wikiiessen kann ee sech iwwer d'Säit Wikipedia:Wikiiessen 2026 umellen a fir d'Generalversammlung iwwer d'Säit Wikipedia:Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg 2026. Alternativ kann ee sech och mat engem Kommentar hei drënner umellen; ech setzen déi Leit da bei déi offiziell Umeldungen iwwer déi zwou Evenementssäiten derbäi. Mellt iech wgl. bis spéitstens den 02.03. u fir d'Reservatiounen! --Volvox (Diskussioun) 12:26, 15. Feb. 2026 (UTC)[äntweren]

Schéine gudde Moien. Heimat mellen ech mech fir d’Wikiiesesen an d’Assemblée Générale 2026 un. Ech kommen och dëst Joer mam Zuch op de Leidelenger Gare. Villmoos Merci Marco Braun

Weider Deletion requests op Commons

[Quelltext änneren]

Salut, De User A1Cafel wütet weider zu Lëtzebuerg op Commons.
Hien huet elo en Deletion request gesat fir d'Biller op Commons:Deletion requests/Files in Category:Centre Hamilius.
Op der Säit hunn ech e Keep! gesat mam Zousaz:

Do not delete these files. The building was demolished in 2015; it no longer exists. See here:

Ob dat hëlleft weess ech awer net. BG, --Cayambe (talk) 22:17, 23 March 2026 (UTC) This page was last edited on 23 March 2 Cayambe (Diskussioun) 18:26, 24. Mäe. 2026 (UTC)[äntweren]

Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch fir Wikimedia Lëtzebuerg

[Quelltext änneren]

Stellvertriedend fir all Mataarbechter op dëser Wikipedia-Versioun a Lëtzebuerger Sprooch gëtt Wikimedia Lëtzebuerg asbl dëst Joer mam Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch ausgezeechent.

Déi offiziell Zeremonie ass de 5. Mee 2026 um 19 Auer an der Nationalbibliothéik.

Jiddereen ass häerzlech invitéiert; Méi Informatioune fënnt een, a umelle kann ee serch, HEI (Communiqué op bnl.public.lu, 27.03.2026).

-- Zinneke (Diskussioun) 15:20, 27. Mäe. 2026 (UTC)[äntweren]

Grofschaft oder County?

[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg,

Beim Iwwerschaffe vum Kenia sinn ech op déi administrativ Andeelung vum Land a „Counties“ gefall. Ech stelle mer elo d'Fro op mer bei der anglophoner Form vu County bleiwe sollen oder awer „Grofschaft“ huele sollen (dat ass dem LOD no d'Iwwersetzung vu County). Déi Däitsch huele „County“ an d'Fransousen „Comté“.

An déi déi aner Fro: ass et fir de Lemma éischter „County / Grofschaft Kakamega“ oder „Kakamega County / Grofschaft“ (also den Numm vir oder hannen)? Well mer normalerweis och Provënz xy hunn, géif ech mengen, datt „County / Grofschaft Kakamega“ besser wär.

Wat mengt Dir? | GilPe (Diskussioun) 14:47, 2. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]

Ausser de Countien an England, wat gewuessen traditionell Grofschafte waren, géif ech fir all déi aner County virzéien. --Les Meloures (Diskussioun) 14:59, 2. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
Moien, ech halen et mam Les Meloures: well 'Grofschaft' eng eendeiteg historesch Bedeitung huet, géif ech do (an englesch beaflosste Länner), wou et am iwwerdroene Sënn fir eng administrativ Andeelung gebraucht gëtt (am Sënn vun Arrondissement, Kanton o ä.) d Wuert am Original als Terminus techniczs benotzen (also County ). Zinneke (Diskussioun) 15:10, 2. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]

Okee, da leie mer op enger Linn. Merci | GilPe (Diskussioun) 12:42, 3. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]

Inhaltsiwwersetzung limitéieren op (automatesch) confirméiert Benotzer

[Quelltext änneren]

Ech proposéieren, de Gebrauch vum Tool „Inhaltsiwwersetzung“ (mw:Content translation) op automatesch confirméiert a confirméiert Benotzer anzeschränken.

Wat heescht dat?

[Quelltext änneren]

D'„Inhaltsiwwersetzung“ ass en Interface fir Wikipedia-Artikelen tëscht verschiddene Sproochversiounen z'iwwersetzen. Et ginn och Maschinneniwwersetzungen ugebueden.

E Benotzer gehéiert op der lbwiki zur Benotzergrupp vun den automatesch confirméierte Benotzer (autoconfirmed), wann e säit mindestens 4 Deeg ugemellt ass[1]. Et kéint een och envisagéieren, eng Mindestännerungszuel vun 10 oder 5 ze fuerderen, wéi dat op enger Rei anere Wikien de Fall ass.

E Bürokrat kann ee Benotzer, deen d'Bedingunge vum automatesch confirméierte Benotzer nach net erfëllt, och manuell an de Benotzergrupp vun de confirméierte Benotzer (confirmed) setzen, deen déi selwecht Rechter mat sech bréngt.

Cf. Special:UserGroupRights.

  1. Op https://noc.wikimedia.org/conf/InitialiseSettings.php.txt liest een ënner wgAutoConfirmAge 'default' => 4 * 3600 * 24 a keng Iwwerschreiwung fir lbwiki, souwéi ënner wgAutoConfirmCount 'default' => 0 a keng Iwwerschreiwung fir lbwiki.

Duerch d'Maschinneniwwersetzung vun der „Inhaltsiwwersetzung“ ass d'Hemmschwell zimmlech niddereg fir schlecht Iwwersetzungen op der lbwiki ze maachen, och fir Benotzer, déi hei nach ni eppes geännert hunn an eventuell mat der Sprooch net vill um Hutt hunn. Doduerch, datt dat Geschier u gewësse Bedingungen gebonne géif ginn, déi awer relativ schwaach sinn, géif d'Warscheinlechkeet méi kleng ginn, datt Leit ouni Effort schlecht Iwwersetzungen uleeën, ouni datt et eng Aschränkung fir seriö Benotzer wier, déi scho säit méi wéi 4 Deeg derbäi sinn. Déi aner Méiglechkeet wier, alles un Iwwersetzungen eranzeloossen an ze hoffen, datt ee sech fënnt fir d'Artikelen an d'Rei ze setzen, éint se geläscht ginn.

Déi rezent Artikelen, déi iwwer d'„Inhaltsiwwersetzung“ ugeluecht goufen, kann een hei nokucken:

https://lb.wikipedia.org/wiki/Spezial:Rezent_%C3%84nnerungen?tagfilter=contenttranslation&limit=1000&days=30&urlversion=2

Am Aklang mat meta:Requesting wiki configuration changes géif ech op Phabricator en Ticket opmaachen a mat Verweis op dës Ofstëmmung – falls se favorabel ass – déi néideg Ännerungen ufroen.

--Volvox (Diskussioun) 13:23, 10. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]

BERJAYA Pro, well et mäi Virschlag ass. --Volvox (Diskussioun) 13:24, 10. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro mat der Propos fir d'Zuel vun de Mindestännerunge wa méiglech op d'mannst op 20 ze setzen. --Les Meloures (Diskussioun) 13:35, 10. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro | Mobby 12 (Diskussioun) 15:35, 10. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro | Komm mer probéieren emol mat 10 Ännerungen. | GilPe (Diskussioun) 16:54, 10. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro -- Zinneke (Diskussioun) 18:43, 10. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Kommentar Hei den Ticket T423100, deen ech opgemaach hunn. --Volvox (Diskussioun) 09:13, 13. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Kommentar Den Ticket ass elo zou, d'Ännerung ass ëmgesat. Ab elo kënne just Adminen, automatesch confirméiert a confirméiert Benotzer den Inhaltsiwwersetzungstool benotzen. Lo misst et e bësse méi roueg gi mat neie Maschinneniwwersetzungen, déi net iwwerlies goufen. --Volvox (Diskussioun) 15:20, 29. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]

Mindestens 10 Ännerunge fir automatesch confirméierte Benotzer ze ginn

[Quelltext änneren]

Wéi ënner #Inhaltsiwwersetzung limitéieren op (automatesch) confirméiert Benotzer ernimmt, gëtt een op der lbwiki an d'Benotzergrupp vun den automatesch confirméierte Benotzer (autoconfirmed) gesat (cf. Special:UserGroupRights fir déi entspriechend Rechter ze gesinn), wann de Benotzerkont 4 Deeg al ass, ouni datt een eng Mindestzuel vun Ännerunge gemaach muss hunn. Et schéngt mer awer absurd, engem Benotzer gewëss Rechter ze ginn, just well e véier Deeg gewaart huet; dat seet näischt doriwwer aus, ob e konstruktiv gesënnt ass oder net, respektiv ob en eens gëtt oder net. Dofir proposéieren ech op Phabricator unzefroen, datt ee Benotzer och mindestens 10 Ännerunge gemaach muss hunn, fir automatesch confirméiert ze ginn. --Volvox (Diskussioun) 13:44, 10. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]

BERJAYA Pro --Volvox (Diskussioun) 13:45, 10. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Kommentar Ech gesinn, datt de @Les Meloures hei driwwer vun enger Mindestzuel vun Ännerunge vun 20 geschriwwen huet. Dat ass natierlech eng Fro vum Ofweien. A mengen Aen sollten et sou vill Ännerunge sinn, datt ee gesäit, ob de Benotzer konstruktiv ass an eenegermoossen eens gëtt, awer net méi wéi néideg, fir kee motivéierten Neien onnéideg ze blockéieren. Ech hat lo einfach mol 10 virgeschloen ... --Volvox (Diskussioun) 13:48, 10. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
Kann och vläicht duergoen, an da gesäit ee jo a sengen Editen wat mat em lass ass. --Les Meloures (Diskussioun) 14:05, 10. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro --GilPe (Diskussioun) 16:55, 10. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro --Zinneke (Diskussioun) 18:46, 10. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro --Mobby 12 (Diskussioun) 18:58, 10. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Kommentar Hei den Ticket op Phabricator, deen ech opgemaach hunn T423102. --Volvox (Diskussioun) 09:22, 13. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro --Cayambe (Diskussioun) 09:28, 13. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro --Les Meloures (Diskussioun) 09:41, 13. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro --Bdx (Diskussioun) 12:17, 14. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro --MMFE (Diskussioun) 15:56, 14. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Kommentar D'Ännerung misst elo ëmgesat sinn. Den Ticket gouf zwar nach net zougemaach, mee hei ass d'Ännerung schonn ze gesinn: https://noc.wikimedia.org/conf/InitialiseSettings.php.txt. Merci un all, déi ofgestëmmt hunn! --Volvox (Diskussioun) 22:36, 16. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]

WikiProjet Eng Richtlinn pro Mount

[Quelltext änneren]

Salut alleguer, wéi op der Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg 2026 proposéiert an diskutéiert hunn ech mech amuséiert d'Säit Wikipedia:WikiProjet Eng Richtlinn pro Mount unzeleeën, fir de WikiProjet „Eng Richtlinn pro Mount“ ze koordinéieren. De But vun deem Projet ass et, all Mount zu engem bestëmmte Beräich Richtlinnen zesummen auszeschaffen, déi duerno gestëmmt ginn an am positive Fall verbindlech sinn. Dat sou laang, wéi de Bedarf besteet.

Sidd der mat der allgemenger Virgoensweis, wéi ech se op der verlinkter Säit skizzéiert hunn averstanen? De konkreete Programm mengen ech domat net, dee kann ee jo op der Säit selwer diskutéieren an upassen; hei geet et mer ëm dat Prinzipiellt. --Volvox (Diskussioun) 14:50, 10. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]

D'aacord mam Prinzip, a Merci fir d'Initiativ! Warscheinlech wäert sech e gewësse Pragmatismus an d'Offolleg vun de Méint aschläichen, jee no Joreszäit an Disponibilitéit vun den interesséierte Mataarbechter. Loosse mer d'Saach emol rullen. --Zinneke (Diskussioun) 18:06, 10. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro; och d'accord. |--GilPe
Ech fannen dat eng gutt Initiativ, mee sinn net averstanen mat: "Wa mindestens 3 Benotzer ofstëmmen a mindestens 2/3 dofir sinn, ass d'Richtlinn ugeholl". Dat schéngt mir vill ze wéineg, fir eng Richtlinn verbindlech ze maachen. Op der Homepage steet, et géif 130 aktiv Benotzer ginn. Ech géif 10 Benotzer, déi ofstëmmen, viséieren (oder zumindest 7-8). Vläicht wier et och gutt, explizitt ze ernimmen, wat "ofstëmme" bedeit: BERJAYA Pro; BERJAYA Kontra; an BERJAYA Neutral.
De proposéierte Programm ass gutt.
--Bdx (Diskussioun) 12:27, 14. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
@Bdx: Merci fir de Feedback! Ech hunn eng Erklärung derbäi gesat, wéi ofgestëmmt soll ginn. Bei {{Neutral}} war ech mer net 100%eg sécher, ob dat och als Ofstëmmung ziele soll, mee ech hunn et mol matgeholl. De {{Kommentar}} soll allerdéngs net matzielen.
Zur Mindestzuel u Votten: 3 Votte schéngt wéineg, wann ee se mat ronn 130 aktive Benotzer vergläicht. Mee net nëmme beinhalten déi „aktiv Benotzer“ och temporär Konten (déi virdrun als IP-Adress guer net matgezielt goufen; deemools lounge mer éischter ëm 90), mee et muss ee kucken, wéi vill Benotzer iwwerhaapt eligibel wiere fir ofzestëmmen. An der aktueller Propos stinn als Krittäre fir kënnen ofzestëmmen:
  1. Zanter 2 Méint op der lëtzebuergescher Wikipedia ugemellt.
  2. Insgesamt mindestens 50 Ännerungen.
  3. Um Enn vun der Ofstëmmung mindestens 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg.
Wann ech mer Stand elo déi aktiv Benotzer ukucken, dann erfëllen der just 8 déi dräi Krittären (Bdx, GilPe, Johnny Chicago, Les Meloures, Mobby 12, Puscas, Volvox an Zinneke). Deemno hu mer net vill Loft no uewen, fir méi eng staark Bedeelegung un der Ofstëmmung ze fuerderen. Mindestens 10 Ofstëmmunge sinn also net dran, ausser et géif een d'Krittären opweechen; och 7-8 schéngt mer e bësse vill, well dann och jidderee matmaache muss. Gefillt géif ech héchstens op 4 oder allerhéchstens 5 goen.
Wat mengs du (oder déi aner) dozou? --Volvox (Diskussioun) 13:46, 14. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
Bei BERJAYA Neutral war ech mer net 100%eg sécher, ob dat och als Ofstëmmung ziele soll.
Dat froen ech mech och, an zwar an deem Sënnn datt jo net gesot als wat et ziele soll, ausser eng Rei ze fëllen an där ee wëll soen dat e keng Meenung huet. Nëtzt menger Meenung no bei enger Ofstëmmung kee Paff. --Puscas (Diskussioun) 14:06, 14. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
Et géif een Ënnerscheed maachen, ob een d'Mindestzuel vun Ofstëmmungen erreecht huet (ob der dat lo 3 oder méi sinn). Bei zwou Pro-Stëmmen an enger neutraler, wier d'Richtlinn ugeholl, wann déi neutral als Ofstëmmung zielt, well mer dann zwou Stëmmen dofir hunn an insgesamt 3 Stëmmen.
P.S.: Ech hunn d'Krittäre liicht méi schaarf resp. kloer formuléiert:
  1. Mindestens 2 Méint zanter der éischter Ännerung op der lëtzebuergescher Wikipedia.
  2. Insgesamt mindestens 50 Ännerungen op der lëtzebuergescher Wikipedia.
  3. Um Enn vun der Ofstëmmung mindestens 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg op der lëtzebuergescher Wikipedia.
Mee et kann ee se natierlech och inhaltlech upassen en vue vun der Diskussioun uewen, falls néideg. --Volvox (Diskussioun) 14:13, 14. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
Ech realiséiere grad, datt dat heesche géif, datt eng Neutral-Stëmm sech de facto wéi eng Kontra-Stëmm auswierke géif, wat definitiv net de Sënn vun der Saach ass. Et kéint ee soen, datt eng Neutral-Stëmm zwar fir d'Mindestzuel u Stëmme matzielt awer fir d'Unhuele vun der Richtlinn just 2/3 vun de Pro- a Kontra-Stëmmen néideg sinn, mee dat gëtt dann onnéideg komplizéiert. Ech huelen d'Neutral-Optioun mol rëm eraus. --Volvox (Diskussioun) 14:22, 14. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
Um Enn vun der Ofstëmmung mindestens 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg.
Ech fannen dat net ganz gutt. Do géife mer z.B. Benotzer aussschléissen déi iwwwer Dausende vun Artikelen oder Ännerunge gemaach hunn an duerch Zoufall ee Mount net aktiv waren. Ech fannen dat wier eng Diskrimination par Rapport zu deene Benotzer.
Wat den neutral ugeet do mengen ech datt déi Ausso näischt bréngt, dat ass wéi bei engem ongëltege Walziedel, do war zwar e wielen, awer dat wat e gewielt huet, gëllt net. Neutral oder Abstinenz ginn néirens als Stëmm gezielt.--Les Meloures (Diskussioun) 14:28, 14. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
@Les Meloures Wat géifs de da virschloen? D'Zuel vun den Ännerungen an de leschten 30 Deeg erofsetzen? Oder den Zäitraum eropsetzen, fir datt Schwankungen an der Aktivitéit méi ausgeglach ginn? Oder de Krittär fir eng rezent Mindestaktivitéit ganz ewechloossen a just eng Gesamtännerungszuel fuerderen? --Volvox (Diskussioun) 18:09, 14. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
@Volvox: Ech géif proposéieren fir am Allgemengen, Benotzer déi scho méi wéi ee Joer aktiv sinn an am Laf vum Joer aktiv waren vun deene Konditiounen auszeschléissen. --Les Meloures (Diskussioun) 06:48, 15. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
Merci fir déi weider Erklärungen. Krittären 1 an 2 si fir mech an der Rei. Dat, wat de Les Meloures an der Linn hei driwwer proposéiert, ass och gutt. Och OK fir den "Neutral" net als Stëmm ze zielen. Menger Meenung no sollen awer weider mindestens 5 Benotzer dofir stëmme mussen, fir datt eng Richtlinn a Kraaft trëtt. Well et bleift eng Richtlinn, an net just en Recommandatioun.
Alternativ kéint een och bei 3 "Jo"-Stëmme bleiwen, an da gëtt d'Richtlinn "ad experimentum" fir ee Joer ugeholl. No engem Joer gëtt nach eng Kéier iwwer e méi laangen Zäitraum doriwwer ofgestëmmt, ob se dauerhaft ugeholl soll ginn. Mee dat mécht dat ganzt eventuell ze komplex. --Bdx (Diskussioun) 13:41, 15. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
Mat just de Krittären 1. an 2. kommen ech aktuell op 26 walberechtegt Net-Bot-Benotzer (dorënner der och, déi hei just maintenance tasks maachen an deemno souwisou net ofstëmme wäerten). Ech géif awer trotz allem net just fuerderen, datt de Benotzer am leschte Joer aktiv war, mee och eng Mindestzuel vun Ännerungen am leschte Joer gemaach huet. Dofir hunn ech mech amüséiert d'Ännerungszuel am leschte Joer fir déi aktiv Net-Bot-Benotzer zesummenzedroen (ech hoffen, datt ech mech néierens graff verdoen hunn):
55polo55 7
Bdx 1155
Benemlu 28
Cayambe 72
Christian Ries 225
Corto lu 234
Dewilda 17
GilPe 8724
GuthJan 11
Ioni 30
Jamcelsus 80
Johnny Chicago 2824
Jwh 25
Kontributor 2K 23
Kwamikagami 46
Les Meloures 5713
MMFE 460
Makenzis 126
Mobby 12 6122
Niegodzisie 7
Puscas 785
Soued031 1305
Sultan Edijingo 487
Volvox 5518
Zinneke 7630
Ziv 223
Dës Lëscht schéngt déi op Spezial:Aktiv_Benotzer baséiert schéngt mir feelerhaft ze sinn wann ech meng eege Kontributiounen Meng 500 lescht Kontributiounen (500 Kontributiounen zanter Dezember 2025) kucken.Robby (Diskussioun) 23:27, 17. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
Merci fir den Hiweis! Tatsächlech schéngt d'Lëscht vun den aktive Benotzer falsch gewiescht ze sinn. Dat ass beonrouegend an ech wéisst net, wourunner dat geleeë kann hunn. Mëttlerweil ass de Robby awer rëm richtegerweis op der Lëscht a feelt just nach a menger Tabell uewen. --Volvox (Diskussioun) 10:05, 21. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
Ech géif proposéieren, mindestens 50 Ännerungen am leschte Joer ze hunn, da géifen aktuell nach ëmmer 17 walberechtegt Benotzer iwweregbleiwen an et kéint een 2. an 3. zesummenzefaassen zu:

Mindestens 50 Ännerungen am Joer virum Enn vun der Ofstëmmung op der lëtzebuergescher Wikipedia.

Ënnert der Hypothees, datt déi Gréissenuerdnung vu 17 sou ongeféiert gläich bleift gëtt, kéint ee sech och trauen op eng Mindestzuel vu 7 Stëmmen ze goen.
D'Unhuelen ad experimentum schéngt mer schwiereg, well een, dee sech souwisou un d'Richtlinnspropos hale wëll, dat och ouni Unhuelen ad exp. maache kann, resp. een, dee sech souwisou net drun hale wëll, dat och net bei Unhuelen ad. exp. maache muss. Et hätt deemno kee richtegen Effekt, falls ech dat richteg verstinn.
Schéngt „Mindestens 50 Ännerungen am Joer virum Enn vun der Ofstëmmung op der lëtzebuergescher Wikipedia“ plus „mindestens 7 Stëmmen“ akzeptabel?
--Volvox (Diskussioun) 22:21, 16. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
Mëtteg,
Wann ech dat elo richteg resuméieren, da wäre mer also elo bei:
  1. Mindestens Op d'mannst 2 Méint zanter der éischter Ännerung op der lëtzebuergescher Wikipedia;
  2. Mindestens op d'mannst 50 Ännerungen am Joer virum Enn vun der Ofstëmmung op der lëtzebuergescher Wikipedia;
  3. Mindestens op d'mannst 7 Stëmmen;
  4. et sinn ⅔ BERJAYA Pro-Stëmmen néideg fir datt d'Richtlinn ugeholl ass.
BERJAYA Pro Fir mech schéngt dat okee. | GilPe (Diskussioun) 13:44, 17. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro - schéngt mer räsonabel. Zinneke (Diskussioun) 21:38, 17. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro - ok fir mech (mat der Ausnam dat et fir mech esou ausgesäit wéi wann d'lëscht vun den aktive Benotzer aktuell net ëmmer korrekt ass) Robby (Diskussioun) 23:27, 17. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro Super! --Bdx (Diskussioun) 11:15, 18. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro OK -- Johnny Chicago 18. Abr. 2026
BERJAYA Pro --Les Meloures (Diskussioun) 10:55, 21. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro Ech hunn Wikipedia:WikiProjet Eng Richtlinn pro Mount à jour gesat. --Volvox (Diskussioun) 11:20, 21. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
BERJAYA Pro --Cayambe (Diskussioun) 17:56, 29. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]
Tipptopp, da consideréieren ech de Prinzip als ugeholl a mir kënnen ufänke mat Wikipedia:Wikiprojet Eng Richtlinn pro Mount/Direktläschkrittären. --Volvox (Diskussioun) 22:02, 30. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]

Nimm vu Schoulen

[Quelltext änneren]

Kuckt Iech wgl. dës Diskussioun un, a sot wgl. och är Meenung. --Puscas (Diskussioun) 12:09, 30. Abr. 2026 (UTC)[äntweren]