Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.348 Artikelen an 124 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … d'Sandale vu Christus an der Abtei Prüm am Mëttelalter zu de bedeitendste Reliquien an der Géigend gezielt hunn, bis zu Tréier de sougenannten Hellege Rack opgedaucht ass?
- … de Kinnek Louis XIV. de Pätter vum Stater Affekot Jean-Bernard Knepper sengem Jong Louis war, dee wärend dem Kinnek senger Visitt zu Lëtzebuerg gebuer gouf?
- … déi éischt Zeitung, déi zu Lëtzebuerg erauskoum, La Clef du cabinet des princes de l'Europe (1704) war, an dat, fir d'Zensur a Frankräich z'ëmgoen?
- … d'Sprooch aus dem fiktive Land Syldawien an den Tintins-Geschichten zu engem groussen Deel e schrëftlech verfriemte Bréisseler Dialekt ass?
- … den däitsche Krounprënz Wilhelm von Preußen déi éischt Méint vum Éischte Weltkrich säin Haaptquartéier an der Groussgaass-Schoul zu Esch-Uelzecht hat?
Artikel vun der Woch
Den James Bond ass e sophistikéierte brittesche Spioun, dee vum Ian Fleming erfonnt gouf an an deem senge Bicher virkënnt (spéiderhin och an de Bicher vun aneren Auteuren). De Fleming huet säi Personnage nom amerikaneschen Ornitholog James Bond benannt, mat der Begrënnung, "[his] brief, unromantic, Anglo-Saxon, and yet very masculine name was just what I needed". De Bond huet de Codenumm "007", deen "double-ou seven" ausgeschwat gëtt, wat bedeit datt hien d'Autorisatioun huet, op senge Missioune Leit ëmzebréngen.
Vum James Bond gëtt et eng Serie vu Filmer, déi e grousse Succès kennt. Si goufe gréisstendeels vun United Artists oder MGM op de Marché bruecht. Et gëtt och eng Rei vu Videospiller déi op Filmer baséieren an e puer mat Originalskripte mat dem Personnage.
Déi vill a verschidde James Bond-Romaner a -Filmer hunn, mat de Joren, de Stil geännert: vu realistesche Spionagedramen op Science Fiction hin zu Actionfilmer ... > méi

Op engem 31. Mee
- 1801: Gebuert vum Antoine Meyer, Auteur vum éischte Buch op Lëtzebuergesch.
- 1887: De franséische Schrëftsteller Saint-John Perse kënnt op d'Welt.

Sandrine Bonnaire - 1921: Déi italieenesch Schauspillerin Alida Valli gëtt gebuer.
- 1928: Doud vum lëtzebuergeschen Ingenieur an Erfinder Henri Tudor.
- 1930: Den amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur Clint Eastwood kënnt op d'Welt.
- 1945: Gebuert vum däitsche Regisseur Rainer Werner Fassbinder.
- 1967: Déi franséisch Schauspillerin a Regisseurin Sandrine Bonnaire gëtt gebuer.
- 1975: D'Europäesch Weltraumagence gëtt gegrënnt.
Kierzlech Verstuerwen

- 29. Mee: Edgar Morin, franséische Soziolog, Philosoph an Auteur.
- 28. Mee: Abed Rabbo Mansur Hadi, jemenittesche Generol a Politiker.
- 25. Mee: Sonny Rollins, US-amerikaneschen Jazz-Saxophonist.
- 23. Mee: Thérèse Liotard, franséisch Schauspillerin.
- 21. Mee: Henri Franck, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik

