Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.349 Artikelen an 123 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … de Mitock (Upupa epops) op Lëtzebuergesch och nach Wuppert, Butbutt, Buddert, Buddebutt, Bëschbuppert, Sténkert, Drecksvull, Riffer, Ruppert, Hupp-Hupp oder Witapp genannt gëtt?
- … d'Sandale vu Christus an der Abtei Prüm am Mëttelalter zu de bedeitendste Reliquien an der Géigend gezielt hunn, bis zu Tréier de sougenannten Hellege Rack opgedaucht ass?
- … de Kinnek Louis XIV. de Pätter vum Stater Affekot Jean-Bernard Knepper sengem Jong Louis war, dee wärend dem Kinnek senger Visitt zu Lëtzebuerg gebuer gouf?
- … déi éischt Zeitung, déi zu Lëtzebuerg erauskoum, La Clef du cabinet des princes de l'Europe (1704) war, an dat, fir d'Zensur a Frankräich z'ëmgoen?
- … d'Sprooch aus dem fiktive Land Syldawien an den Tintins-Geschichten zu engem groussen Deel e schrëftlech verfriemte Bréisseler Dialekt ass?
Artikel vun der Woch

D'Uelzechtstrooss ass eng Strooss zu Esch Uelzecht. Se huet hiren Ufank op der Stadhausplaz a leeft a südwestlecher Richtung iwwer d'Brillplaz ewech bis op de Prënzeréng. Si huet hiren Numm vun der Uelzecht, déi op hirer ganzer Längt ënnendrënner an engem zouene Kanal leeft. Dëse gouf tëscht 1885 an den 1910er Joren no an no ugeluecht, an de Laf vun der Uelzecht zum Deel ëmgeleet.
D'Uelzechtstrooss ass d'Haaptgeschäftsstrooss vun Esch a gouf bal op hirer ganzer Längt uganks vun den 1990er Joren als Foussgängerzon amenagéiert. Opfälleg sinn déi hellmof ugestrache stolen Dunnen, déi wéi Masten a reegelméissegen Ofstänn liicht ugewénkelt aus dem Buedem stinn.
D'Bebauung ass gréisstendeels aus den zwee éischte Joerzéngte vum 20. Joerhonnert, a sou fënnt ee vill intressant architektonesch Stiler aus där Zäit erëm ... > méi

Op engem 1. Juni

- 1904: Zu Lëtzebuerg ginn d'Auere vun der Lokalzäit op déi Mëtteleuropäesch Zäit ëmgestallt, a musse 35 bis 37 Minutten no vir geréckelt ginn.
- 1926: Déi US-amerikanesch Schauspillerin Marilyn Monroe gëtt gebuer.
- 1945: D'Société nationale des chemins de fer luxembourgeois gëtt gegrënnt.
- 1958: Doud vum lëtzebuergesche Violonist, Komponist an Orchesterchef Henri Pensis.
- 1958: De Generol Charles de Gaulle gëtt Regierungschef vu Frankräich.
- 1998: D'Lëtzebuerger Zentralbank gëtt gegrënnt.
- 2001: Am Nepal gëtt de Kinnek Birendra a bal seng ganz Famill vu sengem Jong Dipendra ëmbruecht, dee sech duerno selwer d'Liewen hëlt.
- 2010: De lëtzebuergesche Schrëftsteller Roger Manderscheid stierft.
Kierzlech Verstuerwen

- 29. Mee: Edgar Morin, franséische Soziolog, Philosoph an Auteur.
- 28. Mee: Abed Rabbo Mansur Hadi, jemenittesche Generol a Politiker.
- 25. Mee: Sonny Rollins, US-amerikaneschen Jazz-Saxophonist.
- 23. Mee: Thérèse Liotard, franséisch Schauspillerin.
- 21. Mee: Henri Franck, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik

