Gemeng Wolz
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Wolz zu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Wolz (Homonymie). |
| Gemeng Wolz | |
|---|---|
|
| |
|
D'Gemengenhaus vu Wolz | |
|
De Logo vun der "Haaptstad vun den Ardennen" | |
| Aussprooch |
|
| An anere Sproochen |
fr: Wiltz de: Wiltz |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Wolz |
| Gemeng | Kanton Wolz |
| Chef-lieu | Wolz |
| Buergermeeschter | Patrick Comes LSAP |
| Awunner | 8.538 |
| 1. Januar 2026 | |
| Fläch | 3.950,0488 ha |
| Héicht | 477 m |
| Koordinaten |
49° 57’ 58’’ N 5° 55’ 57’’ O |
| Telefonszon | 24 95 |
| Postcode | 9510–9516 |
| LAU-Code | LU0807 |
| Websäit | https://www.wiltz.lu |
|
| |
D'Gemeng Wolz (lokal: Wooltz) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Stad Wolz vun där se och hiren Numm huet.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Wolz läit am Nordweste vum Land, an den Ardennen an dem Naturpark Öewersauer.
Nopeschgemenge si Géisdref, Kiischpelt, Clierf, d'Stauséigemeng, Wanseler a Wëntger.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften
[änneren | Quelltext änneren]Fréier Gemeng Eeschwëller
Häff a Lieu-diten
[änneren | Quelltext änneren]Fréier Gemeng Eeschwëller
Fréier Gemeng Wolz
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Duerch d'Gesetz vum 24. Februar 1843 krut d'Gemeng d'Recht den Titel Stad ze droen.
Den 1. Januar 2015[3] ass d'Gemeng Eschweiler mat der Gemeng Wolz zu enger vergréisserter "Gemeng Wolz" fusionéiert. Déi zwéi Gemengeréit haten de 24. Februar 2014 dozou gréng Luucht ginn. De 25. Mee 2014 gouf an deenen zwou Gemengen e Gemengereferendum doriwwer ofgehalen. Zu Wolz hu sech ronn 80 Prozent vun de Leit fir eng Fusioun mat Eschweiler ausgeschwat, zu Eschweiler ware just eng 54% fir eng Fusioun.[4] D'Gesetz dozou ass den 19. Dezember 2014 gestëmmt ginn.[5]
- Eschweiler...
- ... a Wolz
- ...fusionéieren zu Wolz
Wopen a Logo
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext[6][7][8]: Ecartelé, au Ier, burelé d'argent et d'azur de dix pièces à un lion rampant de gueules, couronné, lampassé et armé d'or; au IIe, de gueules à un caducée d'argent posé en bande; au IIIe, de gueules à une ancre d'argent posée en bande; au IVe, d'azur à une ruche d'or et des abeilles volantes du même. L'écu sommé d'une couronne d'or de huit fleurons, dont cinq seulement sont visibles. | |
| Zanter 2010 huet d'Gemeng Wolz en eegene Logo, dee fir eng modern Stad mat ville Facetten an enger multikultureller Populatioun steet. Déi gréng Faarf bezitt sech op déi vill Park- a Grénganlagen an der Stad a fir d'Bëscher ronderëm, matzen an de Lëtzebuerger Ardennen[9]. |
Demographesch Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]
Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot gëtt nom Proporzsystem gewielt. E besteet zanter 2017 (an no der Fusioun mat Eschweiler) aus 13 Conseilleren; virdru waren et der 11.
No de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf de Schäfferot ufanks vun enger CSV-DP-Koalitioun gestallt, mat der Carole Petitnicolas-Weigel (CSV) als neier Buergermeeschtesch[10] Enn 2025 ass de Conseiller Patrick Comes vun der CSV bei d'LSAP gewiesselt, sou dass et och zu engem Koalitiounswiessel koum an hie Buergermeeschter amplaz vun der Carole Weigel gouf.[11]
Schonns 2017 war eng Koalitioun vun LSAP an CSV, am Gemengerot.
Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
| Joer | CSV | DP | LSAP |
|---|---|---|---|
| 2005 | 3 | 2 | 6 |
| 2011 | 3 | 2 | 6 |
| 2017 | 5 | 2 | 6 |
| 2023 | 5 | 3 | 5 |
| 2026* | 4 | 3 | 6 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
* Nom Wiessel vun engem Conseiller vun der CSV bei d'LSAP ass d'Majoritéitskoalitioun och gewiesselt.
Buergermeeschtere säit dem Enn vun der franséischer Revolutioun[12][13]
[änneren | Quelltext änneren]- 1814 – 1818: Jean-Joseph Faber
- 1818 – 1923: Henry Gérardy
- 1823 – 1834: Jean-Pierre Simon
- 1844 – 1847: Jacques Spedener[14][15]
- 1847 – 1854: Jean Joseph Georges Faber[15]
- 1854 – 1868: Jean-François Lambert
- 1868 – 1882: Jean Joseph Georges Faber[15]
- 1882 – 1890: Eugène Simon
- Juni 1890 – Mee 1894: kee Buergermeeschter
- 1894 – 1900: Alphonse Mertens[16]
- 1900 – 1909: Max Schmeltzer
- 1909 – 1924: Charles Mathieu
- 1925 – Februar 1934: Eugène Thilges
- Mäerz 1934 – Dezember 1934: François Lambert
- 1935 – Juli 1941: Joseph Simon
- September 1944 – 1945: Joseph Simon
- 1946 – 1957: Nicolas Kreins
- 1958 – 1963: Alphonse Schiltges
- Januar 1964 – Juli 1964: Nicolas Kreins
- Juli 1964 – Januar 1967: René Miller
- Mäerz 1967 – Dezember 1969: Joseph Merres
- 1970 – 1981: Emile Gerson
- 1982 – 1987: Jean-Pierre Dichter
- 1988 – 1993: André Biver
- 1994 – 1999: John Muller
- 2000 – Juli 2009: Romain Schneider
- August 2009 – 2023: Fränk Arndt
- 2023 – 2025:
- zanter 2026[17]: Patrick Comes (LSAP)
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Schlass Wolz
- Jardin de Wiltz
- Nationaalt Streikmonument: zur Erënnerung un de Streik vum 31. August an 1. September 1942
- Rodange-Reenert-Kulturwee mat dem Michel-Rodange-Monument am Schoulbierg
- Musée vun der Ardennenoffensiv
- Brauerei- a Gierwereimusée Wolz
- Kannermusée Plomm um Campus Geenzepark
- Pompjeesmusée an der Géitzt
- Geriichtskräiz bei der Gemeng
- Kierch Nidderwolz
- Kierch Wolz
- Monument Notre-Dame vu Fatima
Kulturelles
[änneren | Quelltext änneren]- De Kino Prabbeli
- De Wëlzer Festival all Joer am Juni-Juli;
- d'Gënzefest all Joer op Päischtméindeg. E Cortège mat der Gënzekinnigin zitt vun der Uewerstad erof an d'Ënnerstad vu Wolz.
Jumelagen
[änneren | Quelltext änneren]
Wolz ass zanter dem 22. Juni 2005 mat der nordportugisescher Stad Celorico de Basto, net wäit vu Porto ewech, jumeléiert.
Zavidovići a Bosnien an Herzegowina,
De 17. Juni 2006 huet Wolz e Pacte d'Amitié mat der belscher Stad Baaschtnech ënnerschriwwen.
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Wolz ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kreeslafwirtschaft
[änneren | Quelltext änneren]Zanter 2015 huet d'Gemeng Wolz de Statut als "hotspot communal de l'économie circulaire".[18] Zil ass et, fir d'Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft (fr. économie circulaire) no an no an alle Beräicher vum deegleche Liewen anzebannen. 2018 huet de Gemengerot eng entspriechend Charta ënnerschriwwen[19], an där eng Rei vu Moossname genannt ginn, déi ëmgesat solle ginn. Als Haaptprojet gëllt de Bau vun engem neie Quartier mam Numm "Wunne mat der Wooltz"[20] an Zesummenaarbecht mam Fonds du Logement, dee ganz no de Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft soll opgebaut ginn a bei deem eng 780 Logementer entstoe sollen.
Bekannt Leit aus der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- François Alesch (*1952), Dokter a Chirurg
- René Arend (1928-2016), Kach
- Fränk Arndt (*1959), Politiker
- Carlo Back (*1952), Physiker a Politiker
- Jacques Bernard (1797-1882), Nottär, Magistrat a Politiker
- André Biever (1938-2025), Politiker
- Franz Binsfeld (1891-1956), Auteur
- Alex Boever (1892-1971), Ingenieur
- René Brück (1924-2002), Ingenieur, Industriemanager a Russlandkenner
- Rob Deltgen (*1950), Fotograf an Genealogie-Fuerscher
- Philippe Ernzer (*1998), Entreprener am Beräich Meteorologie
- Georges Everling (1907-1944), Beamten, Scout a Resistenzler
- Michel Ewen (1902-1974), Resistenzler a Politiker
- Jean Joseph Georges Faber (1806-1882), Gierwer a Politiker
- Claude Fontaine (1940-2000), Graphiker a Moler
- Dana Gales (*1991), Schwëmmerin
- Johnny Glesener (1914-1989), Pianist an Arrangeur
- Joseph Glesener (1862-1935), Industriellen
- Albert Hansen (*1941), Jurist
- Christophe Hansen (*1982), Politiker
- Martine Hansen (*1965), Politikerin
- Tessy Hetting (*1986), Basketballspillerin
- Edmond Joseph Klein (1866-1942), Naturwëssenschaftler
- Eugène Kuborn (1902-1991), Schwëmmer an Olympionik
- Adolphe Kunnen (1890-1956), Magistrat a Member vum Staatsrot
- Roger Leiner (1955-2016), Zeechner
- Mariette Lentz (*1964), Sopranistin
- Nico Loes (*1952), Politiker
- Jean Logeling (1868-1930), Auteur vu Schoulbicher, Moler an Zeecheprofesser
- Ger Maas (1931-2020), Molerin a Graphikerin
- Jacques Majerus (1916-1972), Vëlossportler an Olympionik
- Kevin Malget (*1991), Foussballspiller
- Théo Malget (*1961), Foussballspiller a Kriminellen
- Charles Mathieu (1863-1933), Geschäftsmann a Politiker
- Roger Molitor, (*1953), Wirtschaftspréifer
- Guy de Muyser (*1926), Jurist, Ekonomist an Diplomat
- Chris Philipps (*1994), Foussballspiller
- Jacques Plein (*1987), Foussballspiller
- Agnès Rausch, (*1954), Assistante d'hygiène sociale
- Rob Roemen (1945-2012), Journalist a Politiker
- Danielle Roster (*1964), Musekologin a Konschthistorikerin
- Lex Roth (*1933), Schoulmeeschter, Regierungsrot, Politiker an Auteur
- Jos Scheer (1939-2015), Schoulmeeschter
- Arny Schmit (*1959), Moler
- Claude Schmit (*1947) Acteur, Theaterregisseur, Auteur a Lycéesprofesser
- Philippe Schneider (1908-1980), Filmregisseur a -produzent
- Romain Schneider (*1962), Politiker
- Jean-François Schneiders (*1990), Schwëmmer
- Joseph Simon (1886-1954), Brauereisbesëtzer a Politiker
- Christian Spielmann (*1958), Filmkritiker an Auteur
- Gollo Steffen (*1952), Museker, Schrëftsteller an Editeur
- Eugène Thilges, (1869-1934), Industriellen a Lokalpolitiker, Buergermeeschter vu Wolz
- Jean Ulveling (1796-1878), Politiker
- Claude Wey (*1954), Geschichtsprofesser an Historiker
- Paul Wilwertz (1905-1979), Politiker
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gemeng Wolz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 29. Juli 2026.
- ↑ (fr) Loi du 19 décembre 2014 portant fusion des communes d'Eschweiler et de Wiltz. legilux.public.lu (23.12.2014). Gekuckt den 19.07.2020.
- ↑ "Wolz kloer, Eeschwëller knapp [sic] fir Fusioun" rtl.lu, 25.05.2014, 16:13:01.
- ↑ "Loi du 19 décembre 2014 portant fusion des communes d'Eschweiler et de Wiltz." Mémorial A N° 252, 23 Dezember 2014, S. 4824.
- ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 1er août 1951, autorisant les changements à apporter aux armoiries de la ville de Wiltz. data.legilux.public.lu (01.08.1951). Gekuckt den 09.06.2026.
- ↑ Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 267 (fr).
- ↑ (de) Die Wappen der Gemeinde Wiltz. www.wiltz.lu. Gekuckt den 19.06.2023.
- ↑ Säit iwwer de Wopen an de Logo Archivéiert den 22.08.2019. Gekuckt de 16.07.2019.
- ↑ "Wolz: Ära Arndt/LSAP eriwwer - CSV/DP iwwerhuelen d'Rudder." rtl.lu, 13.06.2023.
- ↑ Marc Hoscheid: "Bannent enger Stonn goufen zwou CSV-Buergermeeschteschen ofgesat." rtl.lu, 29.12.2025.
- ↑ Lëscht vun de Buergermeeschtere vun der Gemeng Wolz. wiltz.lu, nogekuckt: 28.11.2025.
- ↑ „Durich 200 Joer Weeltzer Geschicht gebleedert“, Emile Lutgen, 2016. Säit 536
- ↑ Memorial N°3 vun 1844 Archivéiert den 03.03.2016. Gekuckt den 13.09.2015.
- 1 2 3 Memorial N°50 vun 1847 mam ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 25 juillet 1847, n° 1664, portant nomination du sieur Faber aux fonctions de bourgmestre de la ville de Wiltz
- ↑ Memorial N°16 vun 1849 mat dem ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 13 février 1849, n°12, portant nomination de bourgmestres
- ↑ (fr) Assermentation aux fonctions de bourgmestre et échevins de la commune de Wiltz. maint.gouvernement.lu (26.01.2026). Gekuckt de 27.01.2026.
- ↑ Présentation de la ville de Wiltz comme futur "hotspot" communal de l'économie circulaire gouvernement.lu, 13.10.2018
- ↑ Charta für die "Economie Circulaire" wiltz.lu
- ↑ Wunne mat der Wooltz wiltz.lu


