close
Op den Inhalt sprangen

Schweedesch Kroun

Vu Wikipedia
Schweedesch Kroun
BERJAYA
Typ Wärung, Kroun
Land Schweden
Ënnereenheet öre
ISO-Code SEK
Zentralbank Sveriges Riksbank
Agefouert 1924
BERJAYA

D'Schweedesch Kroun (svensk krona, SEK) ass zanter 1924 déi offiziell Wärung vu Schweden.

1 Kroun ass an 100 Ören ënnerdeelt.

D'Schweedesch Kroun gouf 1875 agefouert. Se gouf deemools och an Dänemark, Norwegen an Island agefouert.

Als Memberstaat vun der Europäescher Unioun misst Schweden den Euro aféieren, soubal et d'Konvergenzkrittären erfëllt. Allerdéngs haten d'Awunner sech 2003 an engem Referendum mat 56 % dergéint ausgeschwat, den Euro anzeféieren. Dofir gëtt, obwuel d'Land am Fong soss prett fir en Euro-Bäitrëtt wier, express ee Konvergenzkrittär net erfëllt, neemlech d'Memberschaft am Wiesselcoursmechanismus II.

BERJAYA  Commons: Schweedesch Kroun – Biller, Videoen oder Audiodateien