Sachsen
Ausgesinn
| Fräistaat Sachsen | ||
| Fändel | Wopen | |
|---|---|---|
| Basisdaten | ||
| Sproochen: | Däitsch, Obersorbesch | |
| Haaptstad: | Dresden | |
| Fläch: | 18.420,15 km² | |
| Awunner: | 4,055 Mio (30. November 2014)[1] | |
| Bevëlkerungsdicht: | 220 Awunner/km² | |
| Politik | ||
| Stëmmen am Bundesrat: | 4 | |
| Ministerpresident: | Michael Kretschmer (CDU) | |
| Parteien an der Regierung: | CDU-SPD-Koalitioun | |
| Lokalisatioun | ||
De Fräistaat Sachsen (op obersorbesch: Swobodny stat Sakska; Ofkierzung SN oder Sa.) ass en Bundesland am Oste vun Däitschland. D'Haaptstad ass Dresden a Leipzig d'Stad mat de meeschten Awunner.
Et gëtt Universitéiten zu Dresden, Leipzig, Chemnitz a Freiberg.
D'Gebitt, dat haut Sachsen ass, huet vun 1949 bis 1990 zu der Däitscher Demokratescher Republik gehéiert.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Sachsen grenzt u Brandenburg (Norden), Sachsen-Anhalt (Nordwesten), Thüringen (Westen), Bayern (Südwesten), d'Tschechesch Republik (Süden) a Polen (Osten). Mat ronn véier Milliounen Awunner (6. Plaz) an enger Fläch vun ëm déi 18.400 Quadratkilometern (Plaz 10) läit Sachsen am Mëttelfeld vun de 16 däitsche Bundeslänner.
Gréisst Stied
[änneren | Quelltext änneren]Déi gréisste Stied (den Awunnerzuelen no) a Sachsen sinn:[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Offiziell Websäit vum Fräistaat Sachsen

Commons: Sachsen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Statistische Ämter des Bundes und der Länder: Bevölkerung - Sachsen (gekuckt den 9. Juni 2015)
- ↑ Bevölkerung des Freistaates Sachsen jeweils am Monatsende ausgewählter Berichtsmonate nach Gemeinde den 31. Dezember 2013 (gekuckt den 9. Juni 2015)
