close
Op den Inhalt sprangen

North Dakota

Vu Wikipedia
North Dakota
BERJAYA BERJAYA
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: Peace Garden State
Roughrider State
Flickertail State
BERJAYA
Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad:Bismarck
Gréisst Stad:Fargo
Gouverneur:Doug Burgum
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 19. Plaz
183.108 km²
2,4 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 47. Plaz
779.094 (2020)[1]
4,36/km²
Opgeholl als Memberstaat: 2. November 1889 (39ten)
Zäitzon:UTC-7/-6/-5

Den North Dakota ass e Staat am Mëttlere Weste vun den USA. E grenzt un d'Staate Minnesota am Osten, South Dakota am Süden, Montana am Westen an un d'kanadesch Provënze Saskatchewan a Manitoba am Norden.

2015 gouf geschat, datt iwwer 750.000 Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 88,6 % als wäiss Amerikaner, 5,5 % als Indianer, 3,5% als Hispanic/Latino, 2,4 % als Afroamerikaner an 1,4 % als asiatesch identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].

D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 55.579 US-Dollar pro Stot an 30.894 USD op de Kapp[1]. D'Landwirtschaft an d'Pëtrolsproduktioun sinn nieft der Liewensmëttelveraarbechtung an der Technologie d'Haaptsecteuren an der Ekonomie vum North Dakota.

BERJAYA  Commons: North Dakota – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 census.gov: QuickFacts: North Dakota