Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.338 Artikelen an 124 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … déi éischt Zeitung, déi zu Lëtzebuerg erauskoum, La Clef du cabinet des princes de l'Europe (1704) war, an dat, fir d'Zensur a Frankräich z'ëmgoen?
- … d'Sprooch aus dem fiktive Land Syldawien an den Tintins-Geschichten zu engem groussen Deel e schrëftlech verfriemte Bréisseler Dialekt ass?
- … den däitsche Krounprënz Wilhelm von Preußen déi éischt Méint vum Éischte Weltkrich säin Haaptquartéier an der Groussgaass-Schoul zu Esch-Uelzecht hat?
- … d'Forest Green Rovers FC e vegane Foussballveräi sinn?
- … et a Brasilien eng 20 Luxemburgia-Aarte gëtt?
Artikel vun der Woch
Den James Bond ass e sophistikéierte brittesche Spioun, dee vum Ian Fleming erfonnt gouf an an deem senge Bicher virkënnt (spéiderhin och an de Bicher vun aneren Auteuren). De Fleming huet säi Personnage nom amerikaneschen Ornitholog James Bond benannt, mat der Begrënnung, "[his] brief, unromantic, Anglo-Saxon, and yet very masculine name was just what I needed". De Bond huet de Codenumm "007", deen "double-ou seven" ausgeschwat gëtt, wat bedeit datt hien d'Autorisatioun huet, op senge Missioune Leit ëmzebréngen.
Vum James Bond gëtt et eng Serie vu Filmer, déi e grousse Succès kennt. Si goufe gréisstendeels vun United Artists oder MGM op de Marché bruecht. Et gëtt och eng Rei vu Videospiller déi op Filmer baséieren an e puer mat Originalskripte mat dem Personnage.
Déi vill a verschidde James Bond-Romaner a -Filmer hunn, mat de Joren, de Stil geännert: vu realistesche Spionagedramen op Science Fiction hin zu Actionfilmer ... > méi

Op engem 29. Mee
- 1453: D'Osmanen eruewere Konstantinopel; Enn vum Byzantinesche Räich.
- 1894: Den éisträichesche Filmregisseur Josef von Sternberg kënnt op d'Welt.
- 1910: Doud vun der lëtzebuergescher Autorin Amélie Picard.

- 1915: De lëtzebuergesche Literaturchroniker a Conferencier Léon Blasen gëtt gebuer.
- 1917: Gebuert vum John F. Kennedy, 35. President vun den USA.
- 1953: Den Edmund Hillary a säi Sherpa Tenzing Norgay erreechen als éischt Mënschen d'Spëtzt vum Mount Everest.
- 1982: Déi éisträichesch Schauspillerin Romy Schneider stierft.
- 1985: Virun engem Foussballmatch am Bréisseler Heysel-Stadion kënnt et zu enger Massepanik, bei där 39 Leit ëm d'Liewe kommen an iwwer 200 blesséiert ginn.
Kierzlech Verstuerwen

- 28. Mee: Abed Rabbo Mansur Hadi, jemenittesche Generol a Politiker.
- 25. Mee: Sonny Rollins, US-amerikaneschen Jazz-Saxophonist.
- 23. Mee: Thérèse Liotard, franséisch Schauspillerin.
- 21. Mee: Henri Franck, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 16. Mee: Raymond Sinnen, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik

