Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.832 Artikelen an 129 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … de Jérôme vu Bauschelt (ëm 1470 - 1517) Member vum Grousse Conseil vu Mechelen war?
- … den Tour de France zanter 1947 bis ewell néngmol duerch Lëtzebuerg goung?
- … am Joer 1811 zu Lëtzebuerg 66 Gierwereie bestanen hunn, an datt d'Haaptclienten dovu laang d'Arméie waren, déi zu Lëtzebuerg stationéiert waren?
- … de Barrage Esch-Sauer, deen tëscht 1955 an 1957 gebaut gouf, um Fouss 4,5 m déck ass an 1,5 un der Kroun, an datt d'Staumauer 168 m laang ass?
- … d'Traditioun, d'Bierger an d'Krateren um Mound no bekannten Astronomen a Wëssenschaftler ze nennen, vum Francesco Maria Grimaldi (1618-1663) agefouert gouf?
Artikel vun der Woch

De Kolléisch gouf 1603 vun de Jesuitten als Collège des Jesuites gegrënnt an ass déi eelst Secondaire-Schoul zu Lëtzebuerg. 1775, ënner der Maria Theresia vun Éisträich gouf aus dem Jesuijtekolléisch de Kinnekleche Kolléisch, an de Klerus huet d'Roll vun de Jesuitten iwwerholl. No der franséischer Besatzung 1795 an der Annexioun vum deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg un d'Republik Frankräich 1797 gouf doraus eng École Centrale, 1802 en Ecole secondaire, 1808 e Collège municipal (communal), an 1815-1817, no der Néierlag vum Napoleon, e Gymnasium. 1817 gouf d'Schoul zum Athénée royal grand-ducal ernannt, an nom Ewechfale vun der Personalunioun mat Holland, 1890, zum Athénée grand-ducal.
Bis 1964 war d'Schoul an der Ënneschtgaass nieft der Kathedral, an de Gebaier, an deenen dono bis 2019 d'Nationalbibliothek dra war. 1964 koum de Kolléisch an en deemools neit Gebai um Geesseknäppchen... > méi

Op engem 21. August
- 1501: Doud vum Geeschtlechen, Bëschof an Diplomat François vu Bauschelt.
- 1830: Gebuert vum lëtzebuergesche Soziolog an Dokter Théophile Funck-Brentano.
- 1874: De brittesche Komponist Gustav Holst kënnt op d'Welt.
- 1879: De lëtzebuergeschen Editeur (Tageblatt, Les cahiers luxembourgeois) Paul Schroell gëtt gebuer.

Count Basie - 1904: Gebuert vum US-amerikanesche Museker Count Basie.
- 1963: De Mohammed VI., Kinnek vu Marokko, kënnt op d'Welt.
- 1967: Bei der Explosioun vun engem Tankcamion, dee mat 47.000 Liter Flësseggas geluede war, zu Maartel, stierwen 22 Leit an eng ganz Rëtsch Haiser gëtt zerstéiert.
- 1991: Lettland gëtt vun der Sowjetunioun onofhängeg.
Kierzlech Verstuerwen

- 19. August: Nicolas Strotz, lëtzebuergesche Politiker.
- 13. August: Mark Rydell, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 8. August: Venant Arend, lëtzebuergesche Sänger.
- 1. August: Vincent Pastore, US-amerikanesche Schauspiller.
- 24. Juli: Gunther von Hagens, däitschen Anatom.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik

