Medikament
Ausgesinn
| Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |

E Medikament oder eng Medezin ass eng Substanz, déi fir d'Heele vu Krankheete bestëmmt ass.
D'Lëtzebuerger Legislatioun definéiert e Medikament no zwee Krittären: wéi et presentéiert gëtt, a wéi et tatsächlech benotzt gëtt a wierkt (onofhängeg vu senger Presentatioun):[1]
- all Substanz oder Zesummesetzung, déi als Mëttel zur Heelung oder Preventioun vu Krankheete beim Mënsch oder Déier presentéiert gëtt; an
- all Substanz oder Zesummesetzung, déi dem Mënsch oder dem Déier administréiert ka ginn, fir eng medezinesch Diagnos ze maachen oder physiologesch Funktiounen nees hierzestellen, ze korrigéieren oder ze modifizéieren.
Therapie duerch Medikamenter ass e wichtege Bestanddeel vun der Medezin. D'Pharmakologie ass d'Wëssenschaft vun de biologesche Wierkunge vun de Medikamenter (och Pharmaka genannt). D'Pharmazie ass d'Wëssenschaft, sech mat de stofflechen Eegenschaften, der Produktioun, dem Préiwen an dem Erausgi vu Medikamenter beschäftegt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Medikament – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Loi du 11 avril 1983 portant réglementation de la mise sur le marché et de la publicité des spécialités pharmaceutiques et des médicaments préfabriqués. data.legilux.public.lu Art, 1 (11.04.1983). Gekuckt den 03.04.2026.
