Johny Lahure
| Johny Lahure | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
24. Mäerz 1942 Nidderkuer |
| Gestuerwen | 23. November 2003 |
| Alter | 61 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Gewerkschaftler |
| Partei | LSAP |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Conseiller am Staatsrot, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit |
| Famill | |
| Kanner | Sandie Lahure |
|
| |
De Johny Lahure, gebuer de 24. Mäerz 1942 zu Nidderkuer, a gestuerwen den 23. November 2003, war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler an LSAP-Politiker.
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Tëscht 1962 an 1982 war den Johny Lahure Gewerkschaftssekretär vum Lëtzebuerger Aarbechterverband (LAV), deen 1979 am OGB-L opgaangen ass.
Den 29. November 1974 gouf hien als éischte Gewerkschaftsfonctionnaire Member vum Staatsrot.[1]
Vun 1976 bis 1977 war de Johny Lahure Gemengerot zu Beetebuerg.
1984 huet hien no 10 Joer säi Mandat am Staatsrot opginn a gouf de 20. Juli 1984 Staatssekretär fir Wirtschaft an der Regierung Santer-Poos I. 1988 gouf hien zousätzlech zoustänneg fir Gesondheet.
D'Joer drop gouf hien an der Santer-Poos-II-Regierung Gesondheetsminister, Minister fir Sozialversécherung a Sport- a Jugendminister.
An der drëtter Santer-Poos-Regierung, 1994, a vun 1995 un an der Regierung Juncker-Poos, war hie Minister fir Gesondheet an Ëmwelt. Wärend der Lëtzebuerger Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun am Joer 1997, huet hien d'Verbuet vun der Tubaksreklamm um Niveau vun der ganzer EU duerchgesat. Am Dezember vum selwechte Joer huet hie fir d'EU d'Verhandlungen zu Kyoto am Kader vun der Weltklimakonferenz geleet.[2]
Am Februar 1998 huet hien zesumme mat sengem Administrateur général Marcel Reimen demissionéiert, fir d'politesch Verantwortung fir déi sougenannt „Dysfonctionnementer am Gesondheetswiesen“, engem Korruptiounsskandal, z'iwwerhuelen.[3][4]
Vun 1999 bis 2000 war hie Generalkommissär fir de Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung „Expo 2000“ zu Hannover.[2]
Den Johny Lahure ass de Papp vun der Fernseejournalistin Sandie Lahure.
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]
Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotion 1989)[5]
Grand officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1990)[6]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
- 1 2 (fr) Décès de Johny Lahure, membre du gouvernement luxembourgeois de 1984 à 1998. paperjam.lu (23. November 2003). Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
- ↑ (fr) Reimen chute avec Johny Lahure. Le Journal Financier de Luxembourg AGEFI (26.01.1998). Gekuckt den 28.07.2025.
- ↑ (de) Pol Schock, 20 Jahre Santé-Affäre, Scheinrechnung. wort.lu (22.01.2018). Gekuckt den 28.07.2025.
- ↑ (fr) Ordre de la couronn de chêne - Commandeur. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 12. Escher Tageblatt (29.06.1989). Gekuckt de 15.07.2026.
- ↑ (de) Bei der Regierung Ordre de mérite. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 14. Escher Tageblatt. Gekuckt de 04.07.2026.
- Gebuer 1942
- Gestuerwen 2003
- Lëtzebuergesch Gewerkschaftler
- Membere vum Staatsrot zu Lëtzebuerg
- Ëmweltministere vu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Staatssekretären
- Grand-Officier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
- Commandeur de l'ordre de la couronne de chêne
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass

