close
Op den Inhalt sprangen

Duerchfall

Vu Wikipedia
BERJAYA Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!
BERJAYA
Rotavirussen, déi Duerchfall verursaache kënnen, ënnert dem Mikroskop.

Duerchfall oder Duerchlaf (franséische medezinesche Fachbegrëff: Diarrhée) zielt zu de geleefegste Verdauungsproblemer a betrëfft bal all Mënsch vun Zäit zu Zäit.

En äussert sech duerch heefege Stullgang mat ganz mëllem oder flëssegem Kot a ka vu Bauchkrämp, Iwwelzegkeet oder engem allgemenge Gefill vu Schwächt begleet ginn. An de meeschte Fäll ass Duerchfall harmlos a verschwent no e puer Deeg vum selwen. Trotzdeem kann e belaaschtend sinn an an e puer rare Fäll souguer geféierlech, besonnesch bei klenge Kanner, eelere Mënschen oder Persoune mat chronesche Krankheeten oder geschwächtem Immunsystem.[1]

Ëmgangssproochlech gëtt och de Begrëff Schësser gebraucht. En anert, vereelzt Wuert ass Kurriwit.

Duerchfall kënnt och bei Déiere vir.[2] Den heiten Artikel behandelt Duerchfall beim Mënsch.

D'Ausléiser vum Duerchfall si villfälteg. Déi heefegst Ursaache sinn Infektioune mat Virussen, zum Beispill den Norovirussen oder de Rotavirussen, oder Bakteerie wéi de Salmonellen, de Campylobacter oder E. coli. Déi Erreeger gelaange meeschtens iwwer veronrengegt Liewensmëttel oder Waasser an de Kierper a léisen eng Entzündung vun der Daarmschläimhaut aus. Och Parasitten, zum Beispill Giardien, kënnen Duerchfall verursaachen, virun allem a geographesche Regioune mat schlechten hygieenesche Konditiounen.[1]

Nieft Infektioune spillen och Liewensmëttelonverträglechkeeten eng grouss Roll. Vill Mënsche reagéieren empfindlech op Laktos (Mëllechzocker), Fruktos oder Gluten, wat zu Verdauungsproblemer féiere kann. Och schaarft Iessen, Alkohol oder eng stënterlech Ëmstellung vun der Ernierung (z. B. an der Vakanz) kënnen Duerchfall provozéieren.[1]

E weideren heefege Grond ass d'Anhuele vu Medikamenter, besonnesch Antibiotiquen. Déi zerstéieren net nëmmen déi schiedlech, mee och déi nëtzlech Daarmbakteerien, wat d'Gläichgewiicht vun der Daarmflora stéiert. Och aner Medikamenter wéi Chemotherapeutika oder e puer Mëttel géint d'Zockerkrankheet an Demenz kënnen Duerchfall als Niewewierkung hunn.[3][4]

Donieft beaflosse psychesch Faktore wéi Stress oder Angscht och d'Verdauung. Vill Mënsche kennen d'Phenomen vum "nervösen Duerchfall" – a sou enge Situatioune gëtt d'Daarmtätegkeet duerch Hormoner méi séier gemaach.[5]

Méi seele stieche chronesch Krankheeten hannert heefegem Duerchfall, zum Beispill de Reizdaarmsyndrom, eng Schilddrüseniwwerfunktioun oder entzündlech Daarmerkrankunge wéi Morbus Crohn oder Colitis ulcerosa.[6][7][8]

An de meeschte Fäll ass den Duerchfall no engem bis zwee Deeg iwwerstanen. Alarméierend gëtt et, wann no zwéin Deeg nach ëmmer keng Besserung do ass, d'Persoun héicht Féiwer oder staark Péng huet, oder Blutt oder Schläim am Stull ass.[1]

An deene Fäll soll een en Dokter consultéieren, besonnesch wa kleng Kanner oder eeler Persoune betraff sinn, well den Duerchfall zu engem geféierleche Flëssegkeets- a Salzverloscht féiere kann.[9] Och Leit mat schwaachem Immunsystem si betraff.[3]

Duerchfall féiert also zum Verloscht vu Flëssegkeet an Elektrolytten – dee Verloscht muss déi concernéiert Persoun ausgläichen. Bei liichtem akuten Duerchfall kompenséiert een dat, an deem e vill Waasser oder Téi drénkt, an zum Beispill dréchent, salzegt Gebäck ësst. An der Apdikt gëtt et och speziell Léisunge mat Elektrolytten ze kafen. Verschidde Liewensmëttel a Gedrénks sollen evitéiert gi, well si den Daarm zousätzlech reizen, dorënner Kaffi, Alkohol, Mëllech, Jus, a fettegt Fleesch. Banannen, Räis, Grompere an Zwiback zielen zum Iessen, dat schounend fir den Daarm ass.[1][10]

Ofhängeg vun der Dauer an de Symptomer kann een och Medikamenter anhuelen, déi zum Beispill d'Daarmaktivitéit méi lues maachen.[9]

Am Allgemengen ass eng Daarmspigelung fir d'Diagnos an d'Behandlung vum akuten Duerchfall net néideg, kann awer bei chroneschen oder schwéiere Fäll gerode ginn.[9]

BERJAYA  Commons: Duerchfall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 4 5 (de) Krankheiten Durchfall. gesund.bund.de (8. Mäerz 2024). Gekuckt den 22. Januar 2025.
  2. Du W, Wang X, Xu L, Zhou X, Song D, Xu Q. Editorial: Research advances in intestinal diseases and related diarrhea in animal production. Front Vet Sci. 2023 May 4;10:1201231. doi: 10.3389/fvets.2023.1201231. PMID: 37215480; PMCID: PMC10193028.
  3. 1 2 (de) Durchfall. gesundheit.gv.at (21. Januar 2019). Gekuckt den 22. Januar 2025.
  4. (de) Brigitte M. Gensthaler, Wenn Arzneimittel auf den Darm schlagen. pharmazeutische-zeitung.de (26. November 2021). Gekuckt den 22. Januar 2025.
  5. (de) Durchfall durch Stress: Der mitfühlende Darm. magen-darm-ratgeber.de (4. November 2024). Gekuckt den 22. Januar 2025.
  6. (de) Dr. Karen Zoufal, Elisabeth Kerler, Reizdarmsyndrom mit Durchfall: Steckt ein Darmhormon dahinter?. aponet.de (1. September 2025). Gekuckt den 22. Januar 2025.
  7. (de) Dr. med. habil. Stefan Karger, Wechselspiel zwischen Schilddrüse und Darm. forum-schilddruese.de (2024). Gekuckt den 22. Januar 2025.
  8. (de) Morbus Crohn & Colitis ulcerosa. stiftung-darmerkrankungen. Gekuckt den 22. Januar 2025.
  9. 1 2 3 (fr) Dr. Jonathan Gotfried, Diarrhée chez l’adulte. Le Manuel MSD - Version pour le grand public (Mee 2024). Gekuckt den 22. Januar 2025.
  10. (fr) Véronique Bertrand, Que manger et boire en cas de diarrhée ?. santemagazine.fr (5. Abrëll 2023). Gekuckt den 22. Januar 2025.