Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.702 Artikelen an 122 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … de Film Girl with a Pearl Earring mat der Scarlett Johansson an der Titelroll, bal ganz zu Lëtzebuerg gedréint ginn ass?
- … déi sowjetesch Kosmonaute Juri Gagarin a Walentina Tereschkowa 1961, respektiv 1963, deen éischte Mann an déi éischt Fra am Weltall waren?
- … d'Schengener Ofkommes um Schëff MS Princesse Marie-Astrid 2 ënnerschriwwe gouf, dat dono, als MS Regensburg, op der Donau ënnerwee war?
- … de Michel Gloesener vun Uewerkäerjeng d'Reversibilitéit vun der Induktioun am Dynamo erkannt huet an domat de Grondstee fir den elektresche Motor geluecht huet?
- … 2001 fir de Film Secret Passage zu Esch-Uelzecht, op der Industriebrooch vun Terre-Rouge, eng iwwer 6 Hektar grouss Kuliss vu Venedeg am 15. Joerhonnert an Originalgréisst, inklusiv de Kanäl, opgebaut gouf?
Artikel vun der Woch

De Fluchhafe Lëtzebuerg, offiziell: Aéroport de Luxembourg, läit um Findel ronn 7 km nordëstlech vun der Stad Lëtzebuerg, um Territoire vun de Gemenge Sandweiler, Nidderaanwen a Lëtzebuerg. De Begrëff Findel gëtt dann och dacks als Metonymie fir de Fluchhafe gebraucht.
D'Bedreiwergesellschafte vum Fluchhafe Lëtzebuerg-Findel sinn d'Luxairport, eng Société anonyme, déi zu 100 % dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, an d'Administration de la navigation aérienne (ANA), déi dem Nohaltegkeetsministère ënnerstallt ass.
Mat senge 4,88 % vum PIB (2014) zielt en zu engem wichtege Faktor vun der Ekonomie am Land. En ass d'Heemechtsbase vun der Luxair, der Cargolux, der Luxembourg Air Rescue an der Luxaviation.
D'Haaptpassagéierinfrastruktur besteet aus zwou Aerogaren, mat enger Capacitéit vun am Ganzen 3,6 Millioune Passagéier am Joer... > méi

Op engem 9. August
- 1516: Doud vum hollännesche Moler Hieronymus Bosch.
- 1776: Gebuert vum italieenesche Cheemiker a Physiker Amedeo Avogadro.
- 1939: Déi franséisch Schauspillerin Bulle Ogier kënnt op d'Welt.

Whitney Huston - 1939: Den italieenesche Politiker an EU-Kommmissiounspresident Romano Prodi gëtt gebuer.
- 1958: Gebuert vum lëtzebuergesche Jesuitepater an Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich.
- 1963: Déi US-amerikanesch Sängerin Whitney Houston kënnt op d'Welt.
- 1965: Singapur gëtt onofhängeg.
- 1975: De sowjetrussesche Komponist Dmitri Schostakowitsch stierft.
Kierzlech Verstuerwen

- ≤1. August: Vincent Pastore, US-amerikanesche Schauspiller.
- 24. Juli: Gunther von Hagens, däitschen Anatom.
- 13. Juli: Sam Neill, neiséilännesche Schauspiller.
- 12. Juli: Hamad bin Chalifa Al Thani, Emir vu Katar.
- 11. Juli: Marco Barnig, lëtzebuergeschen Ingenieur.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik

