close
Op den Inhalt sprangen

Tomat

Vu Wikipedia
Tomat
BERJAYA
eng Kludder Tomaten
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Solanales
Famill Nuetsschietplanzen
Gattung Solanum
Aart Tomat
Wëssenschaftlechen Numm
Solanum lycopersicum
L., 1753
BERJAYA
BERJAYA
verschidden Zorten, verschidden zeideg
BERJAYA
Vuë vun der Fruucht

D'Tomat (Solanum lycopersicum) ass eng Planzenaart aus der Famill vun de Solanaceae. Den Numm kënnt vu xītomatl an der Aztekensprooch Nahuatl hier. Ëmgangssproochlech gëtt virun allem hir Fruucht, déi als Geméis verschafft gëtt, esou genannt; et handelt sech ëm eng Bierefruucht.

D'Tomateplanz ass eng krauteg, eejäreg, zweejäreg oder geleeëntlech och ausdauernd Planz, déi ufanks riichtop, méi spéit hänkeg an dann um Buedem wiisst. Eenzel Äscht kënne bis zu 4 m laang ginn. Den Haaptstrank huet kleng reng Hoercher, déi drüsenaarteg Spëtzen hunn, déi e staarke Geroch vu sech ginn.

D'Friichte si Bieren, a gewéinlech 1,5 bis 2,5 cm am Duerchmiesser. Bei kultivéierte Planze ann dee bis 10 cm sinn. D'Fruucht besteet aus zwou Kummeren, an deenen de Som wiisst. Wann d'Friichten zeideg sinn, hu s'eng kräfteg rout Faarf, och alt giel oder orange.

D'Tomat kënnt ursprénglech aus Mëttel- a Südamerika, woubäi d'Wëllformen vun Nordchile bis Venezuela doheem sinn. No der Eruewerung vun der sougenannter 'Neier Welt' koum d'Tomat och an Europa. De Spuenier Hernán Cortés huet uganks vum 16. Joerhonnert déi éischt aus Mexiko matbruecht. Iwwer Sardinien an Neapel, déi zu Spuenie gehéiert hunn, koum d'Tomat geschwënn an Italien. Vu 1544 ass déi éischt prezis Beschreiwung duerch den Italieener Pietro Andrea Mattioli iwwerliwwert (Hie beschreift d'Fruucht als giel, wat dann och den italieeneschen Numm pomi d'oro - Gëllenen Apel"; haut pommodoro - erkläre géif). Am En Tibi Herbarium zu Leiden vun circa 1555 ass dat eelst Exepmlar an Europa beluecht. Am 16. a 17. Joerhonnert waren Tomateplanzen eng Raritéit a goufe just fir räich Leit gezillt, mat deenen ee sech bei sengen Invitéë bretze konnt. Si goufe virun allem gezillt fir schéin ze maachen, well een iwwerzeegt war, d'Fruucht wier gëfteg. Eréischt am 17. Joerhonnert gouf déi Meenung opginn.

Um Enn vum 19. Joerhonnert hat se sech ëmmer méi als Geméisplanz duerchgesat, a gouf an Zoppen, Zaloten an Zosen an der Kiche verschafft.

2019 goufen, der FAO no, weltwäit 180.765.931 Tonnen Tomate rekoltéiert.[1]

Déi gréisst Tomateproduzente sinn: produzierten.

(2019)
Plaz Land Quantitéit
(an t)
1BERJAYA China62.764.671
2BERJAYA Indien19.007.000
3BERJAYA Tierkei12.841.990
4BERJAYA USA10.858.990
5BERJAYA Egypten6.751.856
6BERJAYA Italien5.252.690
7BERJAYA Iran5.248.904
8BERJAYA Spuenien5.000.560
9BERJAYA Mexiko4.271.914
10BERJAYA Brasilien3.917.967
Top Ten135.916.542
all aner Länner zesummen:11.034.989

An der EU sinn déi gréisst Produzenten Italien, Spuenien a Portugal. Holland huet 2019 ëmmerhin an Zären 910.000 Tonnen produzéiert.

Et gëtt iwwer 3.100 Zorten op der Welt, an nach eng Kéier souvill, déi net offiziell registréiert sinn.

Tomate bestinn zu 95 Prozent aus Waasser, ausserdeem sinn dra Vitaminn A, B1, B2, C, E, Niacin, Mineralstoffer, besonnesch Kalium, ma och Biotin, Folsaier, Thiamin, Pantothensaier; Alpha- & Beta-Carotin, Kalium, Chlorogensaier, Zitrounesaier, Glykoalkaloider, Glykoproteiner, Lignin, Lutein, Lycopin p-Cumarsaier, an 10 Spuerenelementer virun allem Silizium; Tyramin an Zeaxanthin, ze fannen.

BERJAYA  Commons: Tomat – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Crops > Tomatoes op fao.org, 2021-01-25.