Händsch

Eng Händsch (an der Méizuel: Händschen) ass e Gezei, dat d'Hand bedeckt an all Fanger eenzel ëmwéckelt oder fir all Fanger en eenzelt Lach opweist. Am Allgemenge sinn Händschen e Puer aus enger lénkser Händsch an enger rietser Händsch.
Händsche schützen d'Hänn viru Keelt, Hëtzt oder Verletzungen, zum Beispill duerch Reiwung, Schnëtt, Verbrennungen oder Chemikalien. Si ginn dacks bei der Schaff oder beim Sport ugedoen, oder bei méi alldeeglechen Aktivitéiten, bei deenen d'Hänn blesséiert kënne ginn, wéi bei der Gaardenaarbecht. Heiansdo ginn Händschen awer och just aus ästhetesche Grënn gedroen, zum Beispill passend zum Brautrack oder zum Galakleed.
Händsche kënnen aus ënnerschiddlechem Material hiergestallt ginn, wéi z. B. aus Lieder, Stoft, Latex oder Woll.
Eng Händsch, déi d'Hand ganz bedeckt, mee bei där d'Fangere mat der Ausnam vum Daum an engem gemeinsame Banneraum zesummen ëmschloss ginn, nennt een eng Moul.
D'Persoun, déi d'Händsche produzéiert, ass den Händschemécher oder d'Händscheméchesch.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Händsch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
