close
Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1971

Vu Wikipedia
16. Eurovision Song Contest
Datum 3. Abrëll 1971
Stad Dublin (Irland)
Gebai Gaiety Theatre
Gewënner Séverine (Monaco)
Zuel vu Länner 18
Nei Participatiounen Malta
Moderatioun Bernadette Ní Ghallchoir
Interval Act Shannon Castle Entertainers
Ofstëmmungsreegel An der Jury vun all Land waren zwee Leit, den een ënner, den aneren iwwer 25 Joer. D'Jurore konnten all Land mindestens 1 Punkt, höchstens 5 Punkte ginn.
BERJAYA
Gaiety Theatre zu Dublin, 2010

De 16. Eurovision Song Contest war den 3. Abrëll 1971 an Irland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Gaiety Theatre zu Dublin. Presantatrice war d'Bernadette Ní Ghallchoir.

D'Zuel vun de Länner ass nees op 18 eropgaangen, well Finnland, Norwegen, Portugal, Schweden an Éisträich, déi dat Joer virdrun ausgesat haten, nees matgemaach hunn, a Malta nei bäikomm ass.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, de Jacques Raymond fir d'Belsch 1963 an d'Katja Ebstein fir Däitschland 1970.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung war nees geännnert ginn: An der Jury vun all Land waren zwee Leit, den een ënner, den aneren iwwer 25 Joer. D'Jurore konnten all Land mindestens 1 Punkt, héchstens 5 Punkte ginn. D'Jury konnt sou am Ganze maximal 10 Punkte verginn fir dat bescht Lidd, wat an dësem Joer awer net all Land gemaach huet. D'Jurye waren op der Plaz dobäi an hunn d'Resultater zum Schluss op der Bün bekannt ginn.

Et ass och eng nei Reegel agefouert ginn, wat d'Gréisst vun de Gruppe betrëfft, déi e Land vertriede konnten. Et waren elo Gruppe bis maximal 6 Persounen erlaabt, virdru waren et just maximal 2 Persounen.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Monaco, d'Séverine mat 12 Punkte Virsprong virum Karina (Spuenien). Déi drëtt Plaz krut fir d'zweet Kéier d'Katja Ebstein, déi fir Däitschland ugetruede war.

Fir Monaco war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.MonacoSéverineUn banc, un arbre, une rue128
2.SpuenienKarinaEn un mundo nuevo116
3.DäitschlandKatja EbsteinDiese Welt100
4.GroussbritannienClodagh RodgersJack in the Box98
5.ItalienMassimo RanieriL'amore è un attimo91
6.SchwedenFamily FourVita vidder85
6.HollandSaskia & SergeDe tijd85
8.FinnlandMarkku Aro & Koivisto SistersTie uuteen päivään84
9.PortugalTonichaMenina do alto da serra83
10.FrankräichSerge LamaUn jardin sur la terre82
11.IrlandAngela FarrellOne Day Love79
12.SchwäizPeter, Sue & MarcLes illusion de nos vingt ans78
13.LëtzebuergMonique MelsenPomme, pomme, pomme70
14.BelschLily Castel & Jacques RaymondGoeiemorgen, morgen68
14.JugoslawienKrunoslav SlabinacTvoj dječak je tužan68
16.ÉisträichMarianne MendtMusik66
17.NorwegenHanne KroghLykken er65
18.MaltaJoe GrechMarija l-Maltija52
Amsterdam (Holland) BERJAYA Edinburgh (Groussbritannien)
ESC 1970 Eurovision Song Contest ESC 1972