Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.290 Artikelen an 138 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … d'Buergfrid-Affär eng politesch-juristesch Affär tëscht 1969 an 1974 war, déi der Ministesch Madeleine Kinnen, der éischter Fra an enger Lëtzebuerger Regierung, hiert Amt kascht huet?
- … zu San Marino d'Amt vum Staatschef vun zwou Persounen ausgeüübt gëtt, déi all 6 Méint änneren?
- … d'Staatlech Pressehëllef, déi zu Lëtzebuerg 1976 agefouert gouf, fir de Meenungspluralismus ze stäipen, sech am Joer 2018 op eng 8,16 Milliounen Euro belaf huet?
- … d'Helen Buchholtz (1877-1953), eng lëtzebuergesch Komponistin, bei hirem Doud iwwer 200 Noutemanuskripter vu Kompositiounen hannerlooss huet?
- … d'Lidd Bella Ciao ursprénglech iwwer dat schwéiert Liewe vu Räis-Baierinnen am Piemont erzielt, déi ënner hirem strenge Patron ze leiden haten, méi spéit awer an en antifaschistescht Partisane-Lidd ëmgedicht gouf?
Artikel vun der Woch

De Frank Vincent Zappa (21.12.1940 - 4.12.1993) war en US-amerikanesche Museker a Komponist. Hien huet sech en eegent musikalesch Universum geschaf aus enger Mëschung aus Rockmusek, psychedeleschem Rock, Jazz, experimenteller Musek an zäitgenëssescher Klassik, vermëscht mat engem gudde Schotz De-Geck-mat-sech-selwer-Maachen, Humor a Performance-Konscht.
Uganks vun den 1960er Joren huet hien dacks mam Captain Beefheart zesumme gespillt. Seng éischt professionell Opname ware Soundtracke vu B-Filmer. An der Mëtt vun den 1960er Jore gouf hien de Gittarist vun der Grupp The Soul Giants, vun där hie séier de Chef gouf a s'an "The Mothers" ëmbenannt huet. 1966 koum den éischten Album vun der Band, Freak Out!, eraus.
Nieft der Rockmusek war den Zappa ëmmer och um Komponéiere vun zäitgenëssescher klassescher Musek intresséiert. Seng Plack Lumpy Gravy vun 1967 war eng éischt Verëffentlechung an déi Richtung. An den 1970er Joren huet hie sech an der éischter Hallschent méi a Richtung Jazz, duerno a Richtung Rock orientéiert... > méi

Op engem 22. Mee

- 1808: De franséische Schrëftsteller Gérard de Nerval kënnt op d'Welt.
- 1813: Gebuert vum däitsche Komponist Richard Wagner.
- 1852: De lëtzebuergesch-US-amerikanesche Rabbiner a Philosoph Emil G. Hirsch gëtt gebuer.
- 1907: De belsche Comic-Auteur an Zeechner Hergé an de brittesche Schauspiller a Regisseur Laurence Olivier kommen op d'Welt.
- 1924: Gebuert vum franséische Chansonnier a Schauspiller Charles Aznavour.
- 1925: De schwäizeresche Moler a Sculpteur Jean Tinguely gëtt gebuer.
- 1967: Zu Bréissel gëtt duerch e Feier de grousse Buttek A l'innovation komplett zerstéiert; 251 Leit kommen ëm d'Liewen.
- 1972: Ceylon gëtt sech eng nei Verfassung an nennt sech vun do u Sri Lanka.
Kierzlech Verstuerwen
- 16. Mee: Raymond Sinnen, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 15. Mee: Angelica Domröse, däitsch Schauspillerin.
- 14. Mee: Sophie Garel, franséisch Sängerin a Fernseemoderatorin.
- ≤ 14. Mee: Pierre Cao, lëtzebuergesche Museker an Dirigent.
- 12. Mee: Romuald Figuier, franséische Sänger.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik

