close
Op den Inhalt sprangen

Tigris

Vu Wikipedia
Tigris (Dicle)
BERJAYA
Längt 1.850 km
Debit 1.014 m³/s
Hydrographesche
Baseng
Persesche Golf
Fläch vum Anzuchsgebitt 375.000 km²
Originn
Originn Zesummefloss Maden Çayı an Dibni Çayı
Plaz Dicle-Barrage
Koordinaten 47° 53’ 22’’ N
       53’ 34’’ O
Konfluenz
Leeft an zesumme mam Euphrat zum Schatt al-Arab
Plaz bei Al Qurnah
Héicht 59 m
Haaptnieweflëss زێی گچکە
Geographie
Land BERJAYA Tierkei
BERJAYA Irak
BERJAYA
BERJAYA

Den Tigris (Akkadesch Idiglat, Aramäesch: Deqlath, Didschla, Alpersesch: Tigrā, Arabesch: دجلة, Hebräesch: חידקל, ("Hiddekel" oder "Chidekel"), Tierkesch: Dicle a Kurdesch: Dîcle) ass e knapp 1.900 Kilometer laange Floss a Klengasien. En entsteet aus dem Zesummefloss vum Maden Çayı a vum Dibni Çayı, déi hir Quellen an den Taurusbierger, am Oste vun der Tierkei hunn, an déi vum Dicle-Barrage gestaut ginn.

Den Tigris leeft fir d'éischt Richtung Süden, da Südosten, duerch d'Provënz Diyarbakır. Méi spéit mécht en op enger kuerzer Distanz d'Grenz mat Syrien. Dono leeft en da queesch duerch den Irak, wou e sech um Enn mam Euphrat zum Schatt al-Arab vereenegt, deen dann an de Persesche Golf leeft. Den Tigris huet a Baseng vun 375.000 km².

Zesumme mam Euphrat bilt den Tigris Mesopotamien, déi Landschaft, an där sech déi éischt Héichkulturen entwéckelt hunn.

Groussstied, déi um Floss leien, sinn Diyarbakır, Mosul, Tikrit, Samarra, Bagdad, Amarah a Kut.

BERJAYA  Commons: Tigris – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]