close
Op den Inhalt sprangen

Jacob Zuma

Vu Wikipedia
Jacob Zuma
BERJAYA
Gebuertsnumm Jacob Gedleyihlekisa Zuma
Gebuer 12. Abrëll 1942
Nationalitéit Südafrika
Aktivitéit Politiker, Minister
Partei African National Congress
Fonctioun President vu Südafrika, Vizepresident
Auszeechnungen Knight Grand Cross of the Order of the Bath
Famill
Bestuet mat Nkosazana Dlamini-Zuma (1.1.1982–1.1.1998),
Tobeka Madiba (2010–),
Nompumelelo Ntuli Zuma (2008–),
Kate Mantsho (1976–),
Gertrude Sizakele Khumalo (1973–),
Gloria Bongekile Ngema
Kanner Sinqumo Zuma, Duduzile Zuma-Sambudla, Nomcebo Zuma
BERJAYA

De Jacob Gedleyihlekisa Zuma, gebuer den 12. Abrëll 1942 a Zululand (haut Deel vu KwaZulu-Natal), ass e südafrikanesche Politiker a fréieren Anti-Apartheids-Aktivist. Hie war vum 9. Mee 2009 bis de 14. Februar 2018 President vu Südafrika.

Den Zuma war vum18. Dezember 2007 bis de 17. Dezember 2017 och President vum African National Congress (ANC), der gréisster Partei a Regierungspartei, a war Vizepresident vu Südafrika vun 1999 bis 2005. Hien ass op Liewenszäite Member vun der Kommunistescher Partei vu Südafrika.

Ier e Staatspresident gouf, war den Zuma viru Geriicht wéinst Vergewaltegung (2005), Korruptioun a Bedruch ugeklot ginn. Hie gouf awer fräigesprach, resp. d'Kloe goufe fale gelooss.

No de Presidentewalen 2014 gouf hien de 24. Mee fir eng zweet Amtszäit vereedegt. Wéinst senge Korruptiounsaffäre gouf e vum ANC am Februar 2018 opgefuerdert zeréckzetrieden, wat en de 14. Februar och gemaach huet.

BERJAYA  Commons: Jacob Zuma – Biller, Videoen oder Audiodateien