close
Op den Inhalt sprangen

Dardanellen

Vu Wikipedia
BERJAYA Dëse Geographiesartikel iwwer d'Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dardanellen
BERJAYA
Dardanellen a Marmaramier
Typ Mierengt
Geographie
Land Tierkei
Koordinaten 40°12'N, 26°24'O
Technesch Donnéeën
Längt 61 km
Déift 82 m
BERJAYA

D'Dardanellen sinn eng schmuel natierlech Mieresstrooss tëscht der europäescher Hallefinsel Gallipoli (Tierkei), an dem nordwestlechen Deel vun Anatolien.

Den Numm kënnt vun Dardanus, enger Siidlung, déi, wéi et heescht, an der Noperschaft vun Troja soll geleeën hunn. An der Antiquitéit huet déi schmuel Mieresstrooss Hellespont geheescht, genannt no der Helle, enger Figur aus der griichescher Mythologie.

D'Dardanelle verbannen d'Egäescht Mier mam Marmaramier. Se sinn ongeféier 65 km laang an 1,3 bis 6 km breet. Hir Déift ass duerchschnëttlech 50 m. Op der asiatescher Säit läit d'Hafestad Çanakkale, eng Stad, vu wou aus een d'Iwwerreschter vun Troja besiche kann.

Fir Schëffer, déi duerch d'Dardanelle laanscht Gallipoli fueren, ass et Brauch, fir op der Héicht vun de Gedenkstätten un d'Schluecht vu Gallipoli kräfteg ze tuten, fir de villen Affer vun dëser onbaarmhäerzeger Schluecht d'Éier z'erweisen.

BERJAYA  Commons: Dardanellen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]